STATEC rechent domat, datt d'Lëtzebuerger Wirtschaft dëst Joer ëm 1,2 Prozent wiisst
Fir de Fall vun engem relativ kuerze Konflikt am Noen Osten an engem séieren Deblockage vun der Strooss vun Hormus gi fir dëst Joer 1,2 Prozent a fir 2027 1,9 Prozent Wuesstem vum STATEC virausgesot.
Mat senge Previsioune wëllt de STATEC eng objektiv Basis liwwere fir d’Decisiounen an der Tripartite, esou den Direkter Tom Haas am Virwuert vun der neier Konjunktur-Note.
Elo géif een d'Ofbremse vun der Wirtschaft an de leschten 2 Joer spieren
Wat déi blockéiert Strooss vun Hormus ugeet, hätt sech an de leschte Wochen net vill geännert, huet de STATEC-Direkter um Bord vun der Presentatioun op Esch-Belval erkläert.
"Et ass jo esou, datt do ëmmer Impakter vun der Wirtschaft vun deene Jore virdrun och nach matspillen. Dat heescht mir hate jorelaang héich Staatsrecetten, wat nach an engem gewëssene Sënn (...) déi positiv Nowierkunge vun deene Jore virdrun, wou mer nach eng Reprise haten."
Do hätt een exzeptionell héich Recette gehat, notamment bei den Entreprisen, esou den Tom Haas.
"Elo si mer allerdéngs an enger Zäit, wou mer dann éischter déi lescht Jore spieren, wou d'Wirtschaft schonn ofgebremst hat. An doduerch hu mer natierlech manner Recetten, souwuel bei den Entreprisen, awer och op anere Steierpunkte mierkt een dat, notamment duerch Steiererliichterung."
Schonn den 12. Mee hat de STATEC der Regierung, de Gewerkschaften an dem Patronat Zenarie virgestallt, iwwer den Impakt vum Krich am Noen Osten.
"Deen Zenario, wou Enn Mee d'Miereseng opgaangen ass, deen ass offensichtlech net agetrueden. Op der anerer Säit sinn d'Präisser awer nach ëmmer niddreg. Dat heescht, d'Marchéë si weiderhin optimistesch, datt séier eng Léisung fonnt gëtt."
Esoulaang wéi dat de Fall wier, wieren d'Impkater vun der Energiekris relativ limitéiert.
"Dat ka sech natierlech all Moment änneren. Mee mir sinn elo nach net an deem méi schlëmmen Zenario, wou d'Präisser wierklech ganz staark géifen explodéieren a wou dann och eng Rezession géif am Raum stoen. Dat heescht mir sinn iergendwou dertëschent."
(Foto: Serge Kesseler)
Eng zweet Indextranche am Laf vum Joer duerchaus méiglech
Fir de Fall, datt de Konflikt am Noen Oste séier geléist gëtt, rechent de STATEC mat 2,5 Prozent Inflatioun dëst Joer, a mat 1,7 Prozent fir 2027. Géif de Konflikt awer sechs Méint laang daueren – also duebel esou laang – da kéint den Inflatiounstaux hei am Land dëst Joer op 4 Prozent klammen, mat dann och méi zousätzlechen Indextranchen, esou den Direkter Tom Haas um Dënschdeg.
"Den aktuelle Stand ass jo elo esou, datt gëschter (um 1. Juni 2026) eng Indextranche eeben applizéiert ginn ass, datt wann d'Präisser elo niddreg géife bleiwen, da kéint et effektiv sinn, datt et nach ee Joer dauert, bis datt déi nächst Indextranche kënnt."
An der Virbereedungsronn vun der Tripartite hätt de STATEC erkläert, datt de Risk iwwer déi zweet Hallschent vum Joer grouss wier, datt eng weider Indextranche géif erfalen, wann d'Präisser weider géife klammen.
"Dat heescht, do kann een elo wierklech mat all Zenarioe rechnen, tëschent, datt mer erëm eng Indextranche hunn, an dësem Summer oder ebe virum Enn vum Joer, also am Wanter oder awer och an engem Joer. Dat ass also effektiv eppes, wat ee vun Dag zu Dag muss ëmmer erëm nei aschätzen."
D'Zuele vum Chômage haut zwar net dramatesch, mee Suerge wiere berechtegt
Eng historesch Première, esou nennt de STATEC d’Tatsaach, datt de Chômagetaux hei am Land Ufank vun dësem Joer, den Taux aus der Euro-Zon depasséiert huet.
"Beim Aarbechtsmarché hate mer jo eigentlech Enn vum leschte Joer positiv Signaler gesinn, datt et eigentlech erëm biergop géif goen. Elo hänkt et dann natierlech dovun of, wéi staark gëtt de wirtschaftleche Schock? Dat heescht, wéi staark wäert dann awer den Aarbechtsmarché ofbremsen? A wéi staark wäert de Chômage schlussendlech an d'Luucht goen?"
Dat wier änlech wéi bei de Präisser, esou den Tom Haas.
"Et ass haut nach net dramatesch, wat mer gesinn. Mee dat, wat mer awer vun indirekten Effekter an deenen nächste Woche kënnen erliewen, dat ass awer eppes, wat engem Suerge mécht."
Souguer wann de Konflikt am Noen Oste virum Summer geléist wier, da géifen hei am Land d’Kuelendioxid-Emissiounen zeréckgoen, ëm zwee Prozent dëst Joer an ëm fënnef Prozent 2027, esou eng weider Berechnung vum STATEC. Ee Grond dofir ass, datt manner Energie verbraucht gëtt.