D’Zoustänn an den ONA-Strukture wieren zënter Jore bekannt. Si wieren dacks baufälleg, net adaptéiert an onwierdeg, heescht et am Rapport vum Ombudsman. Als besonnescht Negativbeispill gëtt dobäi de Foyer Don Bosco um Lampertsbierg ernimmt.
Wéinst dëse Konditiounen hu sech am Laf vum leschte Joer vill Leit un de Büro vum Ombudsman gewant, virun allem iwwer d'Liewenskonditiounen an de Strukturen, esou d'Claudine Konsbruck.
"Déi Strukture sinn al, se sinn iwwerfëllt, se sinn deelweis provisoresch gewiescht, mee se sinn entretemps definitiv, an déi Renovatiounsaarbechten, déi dréngend ustinn, kënnen net gemaach ginn, well keng Opfangstrukturen do si fir déi Leit opzehuele wärend den Aarbechten."
Efforte vun de Gemenge géifen net duergoen
Déi ugespaante Situatioun um Logementsmarché géif d’Saach net besser maachen. Beneficiairë vun internationalem Schutz géifen dacks keng aner Wunneng fannen a missten immens laang an enger Opfangstruktur bleiwen, hält d’Ombudsman an hirem Rapport fest.
D’Kollaboratioun mat de Gemenge wier dowéinst ganz wichteg, huet d’Claudine Konsbruck ënnerstrach. D’Efforte géife bis ewell awer net duergoen. Et misst méi insistéiert ginn, datt d'Gemenge matschaffen.
"Et si Pisten um Dësch, mir hu keng Präferenz fir déi eng oder aner Pist, mir maachen do keng Politik, mee wann et do net bësse weidergeet, muss d’Regierung sech effektiv iwwerleeën, op een net muss op méi contraignant Moossnamen zeréckgräifen, sief et Quoten, sief et iwwer d’Requisitioun vun Terrainen."
Een anere Problem, dee vill Flüchtlinge betrëfft, wieren déi ganz laang Delaie bei den Dossieren.
35 Méint Waardezäit fir Äntwerten ze kréien
Wéi d’Claudine Konsbruck de Poste vum Ombudsman d’lescht Joer iwwerholl huet, hätt den Äntwertdelai bei Ufroe fir e Regroupement familial bei 17 Méint geleeën. Haut wier ee scho bei 35 Méint ukomm.
Am Gesetz ass een Delai vun néng Méint festgehalen. Natierlech géif et Erklärungen heifir ginn, esou d’Claudine Konsbruck. Eng Justifikatioun fir déi laang Waardezäite wier dat awer net. Aktuell waarde méi wéi 2.100 Leit op eng Zesummeféierung.
"Dat sinn dräi Joer Waardezäit fir eng Persoun, déi e Recht huet, seng Famill kommen ze loossen. Et ass e Grondrecht, dat souwuel an eiser Verfassung steet, wéi och an de Konventiounen, notamment der Convention européenne des droits de l’homme, an déi Delaie sinn immens laang."
Hei war et den Appell un d’Regierung, alles ze ënnerhuelen, datt déi Delaien erofginn.
E wichtegt Uleies vun der Ombudsman ass am Rapport vun dësem Joer och de sougenannten Droit à l’erreur: Beim Ausfëlle vu Formulaire géife Bierger dacks Feeler maachen, déi guttgleeweg geschéien. Dofir plädéiert d’Ombudsstell fir eng gewëssen Toleranz bei de Verwaltungen, dëst an engem klore legale Kader, wéi et zum Beispill och a Frankräich de Fall wier.