Hien hat dem DP-Ausseminister Xavier Bettel am Februar zejoert op Facebook den Doud gewënscht an de fréiere Premier och homophob beleidegt. De Vertrieder vum Parquet hat, nieft enger ugemoossener Geldstrof, och sechs Méint Prisong mat Sursis probatoire dofir gefrot. Där Fuerderung sinn d’Riichteren deemno net nokomm.
Justiz
1.500 Euro Geldstrof fir e Mann wéinst Opruff zum Haass an homophoben Aussoen
Um Stater Geriicht gouf gëschter Mëtteg eng Geldstrof vun 1.500 Euro géint e Mann gesprach, deen de leschte Mount ënner anerem wéinst Opruff zum Haass de Prozess gemaach kritt hat.
auto_stories
1 min
Stater Geriicht (Foto: Eric Ewald)