Lëtzebuerg géif op verschiddene Punkten net wäit genuch goen, mee op anere géif een iwwer d’Zil erausschéissen. Kritiséiert gëtt vun der CCDH ënner anerem, datt et bei der sougenannter Filtrage-Prozedur eng Partie Onkloerheete géife ginn. Zum Beispill, op wéi enger Basis enger Persoun an dëser Prozedur kann d’Fräiheet entzu ginn.
Fuerderung vu CCDH: Juristesche Bäistand fir Mineuren
Eng Fräiheetsaschränkung am Migratiounsberäich misst awer ëmmer eng Ausnam bleiwen, esou d’CCDH. Dem Text no kéinten och Mineure vu 16 Joer un an zouenen Strukture festgehal ginn. Dobäi géif d’EU d’Memberstaaten net dozou verpflichten. D’Charlotte Brouxel, Juristin beim CCDH, gesäit dat kritesch.
"Et handelt sech net ëm eng Obligatioun, mee ëm eng national Entscheedung, déi d'CCCH staark kritiséiert. Derbäi ass och ze erënneren, datt onbegleete Mineuren zu Lëtzebuerg aktuell net an d'Retention placéiert ginn."
De Gesetzesprojet kéint eng nei Praxis aféieren, déi haut net géif bestoen.
"Et bleift och onkloer, op Basis vu wéi enge Krittären esou eng Mesure soll ugewannt ginn an a wéiwäit Strukturen tatsächlech fir dës Kanner virgesi sinn. Dobäi ass et wichteg ze betounen, dass et schon haut un adaptéierte Strukture feelt."
Eng Fuerderung vun der Commission consultative des droits de l’homme ass dann och e juristesche Beistand fir Mineuren. Besonnesch onbegleete Kanner missten esou fréi wéi méiglech Zougang zu engem Affekot hunn, fuerdert d’CCDH, fir sech hir Rechter erklären ze loossen.
Kritik u kuerzem Delai
Kritik vun der CCDH gouf et iwwerdeems wéi och ufanks der Woch scho vun den Oppositiounsparteien an der Chamber, datt den Text esou kuerzfristeg soll finaliséiert ginn.
Dëse kuerzen Delai hätt d’Méiglechkeet limitéiert, en detailléierten an déifgräifenden Avis ënner gudde Konditiounen auszeschaffen, esou d’Noémie Sadler, Präsidentin vun der Mënscherechtskommissioun.
"Als national Mënscherechtsinstitutioun musse mir an d'Lag versat ginn, eise gesetzleche Mandat vollstänneg kënnen auszeüben, besonnesch wann et ëm Gesetzesprojete geet, déi gravéierend Auswierkungen op fundamental Rechter vun de betraffene Persounen hunn."
Ufanks der Woch haten och schonn d’Oppositiounsparteien an der Chamber déi gréng, LSAP an Déi Lénk, sech iwwer de kuerzen Delai vu just enger Woch geiergert.
Iwwer de Rapport vum Text soll den nächste Méindeg an der Kommissioun ofgestëmmt ginn. De Vote am Plenum ass fir déi selwecht Woch ugesat.