Direkt op zwou Fronte gouf gëschter a Frankräich protestéiert: Eng 206.000 Persoune sinn op 170 Manifestatiounen am Land op d’Stroosse gaangen, fir géint d’Afréiere vun de Gehälter am ëffentlechen Déngscht am nächste Joer ze protestéieren, wéi et d’Regierung virgesäit.
416 Lycéeë goufe blockéiert
Donieft hunn awer och am ganze Land Lycéesschüler:inne protestéiert, well d’Schoulen am Land däitlech ënnerfinanzéiert sinn.
Dem Schülerverband USL no goufen am Kader vun de Protester eng 416 Lycéeën am Land blockéiert. Op ville Plaze goufe Géigestänn a Brand gesat, Diere beschiedegt a Fënsteren zerstéiert. D’Regioun Île-de-France rechent domat, datt de Schued eleng do bei iwwer enger Millioun Euro läit.
Den Inneminister Laurent Nuñez sot, datt eng 440 Persoune verhaft goufen, virun allem Mannerjäreger.
Roserei vun deene Jonke stéisst op Versteesdemech
De Minister hat och de lénke Buergermeeschter vu Saint-Denis, de Bally Bagayoko, kritiséiert, deen erkläert hat, datt Gewalt och legitim kéint sinn an datt ee Versteesdemech fir d’Roserei vun de Jonke misst hunn. D’Regierung huet dogéint betount, datt all Form vu Gewalt inakzeptabel wier.
De President vum Schülerverband USL, de Ryad Rani, sot géintiwwer France Info, hie wier frou iwwer de Support vun der Gauche. D’USL rifft dann och schonn dozou op, de Streik an d’Protester fortzesetzen.
Muer sollen nees Lycéeë blockéiert ginn, wann d’Regierung net op d’Fuerderunge vun de Jonken ageet a méi finanziell Mëttel an d’Educatioun stécht.