D'Iddi ass den Asaz vu Mini-Atomkraaftwierker uechtert Europa. Europa géif eng nei Garantie vun 200 Milliounen Euro fir Investissementer an d'Nuklearenergie ze schafen, heescht et.
Eng 40 Länner sinn zu Paräis vertrueden, dorënner d'USA a China. Et geet ëm déi zivil Atomenergie.
Frankräich ass eent vun deene Länner op der Welt, dat déi meeschten Atomreakteren huet, mat 57 Stéck.