Hëtzt

Aussergewéinlech Hëtzt bréngt aussergewéinlech waarmt Waasser: Fësch leiden dorënner

Duerch déi aussergewéinlech Hëtzt dëse Summer ginn d'Lëtzebuerger Gewässer zu engem ëmmer méi geféierlechen Ëmfeld fir Déieren, seet d'Anna Schleimer vum Service Ecologie a Fëscherei vun der Waasserverwaltung.

auto_stories

2 min

Cheemesch Substanzen aus Kläranlagen, Industrie a Landwirtschaft géifen duerch déi aktuell niddereg Waasserstänn nach méi staark am Waasser konzentréiert ginn. An dat wier net den eenzege Grond fir déi aktuell schwiereg Situatioun, esou d’Expertin.

Deelweis 21 Grad am Waasser

Déi aussergewéinlech héich Temperaturen hëtzen d’Waasser op an droen dozou bäi, datt d’Fauna an de Baachen a Flëss aus dem Gläichgewiicht geréit. Wéi d’Anna Schleimer vun der Waasserverwaltung seet, erreeche vill Flëss a Baachen aktuell geféierlech Temperature fir d’Fësch.

"Op ville Plaze klëmmt am Moment bei den Hëtztwellen d'Temperatur. Iwwer 15 Grad ass et op deene meeschte Plazen am Moment. An da kann et wierklech an de Spëtzenzäite mëttes, am Nomëtteg, wann et am wäermsten ass, och deelweis iwwer 20, 21 Grad goen, wat natierlech immens grousse Stress fir d'Fësch ass."

An der Musel gi plazeweis souguer 27 Grad gemooss, seet d’Anna Schleimer. Duerch d’Hëtzt verdämpt vill Waasser, soudatt de Peegel fält, wat dozou bäidréit, datt sech d’Waasser nach méi séier erhëtzt.

"Iergendwann hu se keng Performance méi"

Déi ongewéinlech héich Temperature si fir Fësch e grousse Problem, well et wiesselwaarm Déiere sinn, déi hir Kierpertemperatur net reguléiere kënnen.

"Datt do wierklech dann ufänkt de Metabolismus immens impaktéiert ze ginn, d'Temperatur huet jo en Afloss wierklech op d'Verdauung, op d'Verhale vun Déieren, wéi reaktiv se sinn, wéi séier se kënne virun engem Predateur flüchten. An iergendwann hu se da wierklech keng Performance méi. An iergendwann ass dat dann och déidlech."

Am beschte fir dës Konditiounen ekipéiert sinn invasiv Aarten, déi aus méi waarme Regioune stamen.

Manner Obstakele kënnen hëllefen

Esou och d’Grondel, ee beléiften Aquariumsfësch, deen ursprénglech aus dem Schwaarze Mier kënnt, a sech elo an eise Gewässer breetmécht. Fir de Fësch eng besser Iwwerliewenschance ze ginn, kënne verschidde Mesuren ergraff ginn. 

"Et ass eng Kombinatioun vun deenen dräi Saachen, also méi Schiet laanscht Gewässer, Renaturéierung vun den Habitater an dann eng besser Duerchgängegkeet."

Mat Duerchgängegkeet ass gemengt, datt een Obstakelen, wéi gréisser Stécker Holz, an de Gewässer aus dem Wee raumt. Esou kënne Fësch besser geféierleche Situatiounen entkommen an a méi kal Gewässer flüchten.