CGDIS

Déi 15 Lëtzebuerger Pompjeeën, déi an der Gironde gehollef hunn, kommen nees zeréck

De Mëtteg géint 15:30 Auer soll den Inneminister Léon Gloden déi 15, déi beim Bekämpfe vun de Bëschbränn an der Gironde gehollef hunn, am Asazzenter Suessem-Déifferdeng empfänken.

auto_stories

1 min

Forêt Fontainebleau  | © EPA/GAUTHIER BEDRIGNANS
Forêt Fontainebleau (Foto: EPA/GAUTHIER BEDRIGNANS)

Déi 15 Pompjeeë vum CGDIS waren den 30. Juli, also virun eppes méi wéi enger Woch, an d‘Gironde geschéckt ginn. Si waren do an eng Unitéit vu franséische Pompjeeën aus dem Departement Moselle integréiert.

Iwwer hiren Asaz an der Gironde ginn et dann Detailer op enger Pressekonferenz.