De Plang gesäit ënner anerem finanziell Noutmesuren, d'Iwwerhuele vu Sozialbäiträg an administrativ Vereinfachunge vir. Och den Zougang zu Waasser soll lokal un d'Situatioun ugepasst ginn, fir déi landwirtschaftlech Produktioun esou wäit wéi méiglech ze ënnerstëtzen, heescht et.
57 Departementer am Krisenzoustand
A Frankräich si mëttlerweil 98 Departementer vun der Dréchent betraff. A 57 dovu gëllt e Krisenzoustand mat strenge Restriktioune fir de Waasserverbrauch.