Si hunn ugekënnegt esou laang ze demonstréieren, bis d'Wehrpflicht komplett vum Dësch ass.
Bis ewell soll "Musterung" obligatoresch sinn
D‘Reegele fir de neie Militär-Déngscht an Däitschland sinn am Januar a Kraaft getrueden. De Kär dovun ass eng sougenannten obligatoresch "Musterung" fir jonk Männer vum Joergang 2008 un.
Domat solle Fräiwëlleger fir den Ausbau vun den Truppe rekrutéiert ginn. Wann d‘Ziler verfeelt ginn, kann de Bundestag iwwer een obligatoresche Militärdéngscht decidéieren.
2011 eréischt hat de Bundestag d'Wehrpflicht ausgesat.
Wéi ass et zu Lëtzebuerg?
Zu Lëtzebuerg war d'Diskussioun iwwer eng eventuell Wehrpflicht och opkomm. D'Verteidegungsministesch Yuriko Backes hat doropshi preziséiert, datt si géint een obligatoresche Militärdéngscht ass.
D'Police an d'Arméisgewerkschaft hate kloergestallt, datt si net dogéint wieren. Een obligatoresche Militärdéngscht bréicht awer ee kloert Konzept, hat et am November 2024 geheescht.