Am Ganze gëtt et eng Entlaaschtung vu 17 Cent de Liter mat der TVA.
D‘Oppositioun huet de neien Tankrabatt kritiséiert. Déi gréng Fraktiounscheffin Katharina Dröge huet am Bundestag vun enger "Schwachsinnslösung" geschwat. Den SPD-Vize-Fraktiounschef Armand Zorn huet d‘Gesetz par konter verteidegt.
En Tankrabatt hat et an Däitschland schonn am Mee a Juni ginn. Dat, nodeems d‘Spritpräisser wéinst dem US-Israeelesche krich géint den Iran geklomme waren.
Lëtzebuerg huet och een Tankrabatt
Zu Lëtzebuerg gouf am Kader vun der Tripartite am Juni och een Zort Tankrabatt agefouert. D'Sozialpartner haten decidéiert, d'Accisen op Bensinn an Diesel zënter dem 1. Juli a bis Enn Dezember erofzesetzen. Deemno kascht de Sprit den Ament 5 Cent de Liter manner.
D'Tripartitesmesure ass awer un eng Konditioun gebonnen: De Rabatt gëllt nëmmen esoulaang wéi d'Präisser net ënner de Wäert vum 1. Februar falen. Deemools huet de Liter Diesel 1,41 Euro an de Liter Bensinn 1,43 Euro kascht.