D'SPD läit dem Sondage no elo bei ronn 37 Prozent vun de Wielerstëmmen an domat ee Prozentpunkt virun der AfD, déi vum däitsche Verfassungsschutz als an Deeler geséchert rietsextreem agestuuft gëtt.
Fir d'CDU kéint et iwwerdeems zu enger Zidderpartie kommen: Déi konservativ Partei kënnt dem Politbaromater no den Ament op 6 Prozent. Also just ee Prozentpunkt iwwer der néideger Hürd vu 5 Prozent.
Och zu Berlin gëtt e Sonndeg gewielt. Den Ëmfroen no läit do déi lénk Partei vir.