Kultur

D'Paulette Lenert soll Kommissärin fir d‘Weltausstellung 2030 zu Riad ginn

Den DP-Ausseminister Xavier Bettel huet de Moie bei de Kolleege vum RTL confirméiert, datt déi fréier LSAP-Gesondheetsministesch Paulette Lenert Kommissärin fir d'Weltausstellung soll ginn. Déi wäert 2030 zu Riad a Saudi-Arabie stattfannen.

auto_stories

1 min

Archivfoto Paulette Lenert | © Jo Diseviscourt
Archivfoto Paulette Lenert (Foto: Jo Diseviscourt)

De Xavier Bettel sot, hien hätt d'Paulette Lenert dem Regierungsrot proposéiert. Vum 1. Juli u soll si dofir am Ministère vum Commerce extérieur schaffen. Do soll si déi nächst Lëtzebuerger Participatioun fir d'Weltausstellung preparéieren. 

D'Paulette Lenert wiesselt elo an de Staatsrot.