Aarbecht

No GRECO-Rapport: FGFC wëllt beim Ausschaffe vu Verhalensreegele mat um Dësch sëtzen

D‘Gewerkschaft vum Gemengepersonal, FGFC, reagéiert op d‘Anti-Korruptiouns-Recommandatiounen am Europarot sengem neie GRECO-Rapport iwwer d‘Korruptioun. Dora gëtt ënner anerem drop higewisen, datt et fir d‘Gemengepersonal zu Lëtzebuerg den Ament kee Verhalenskodex gëtt.

auto_stories

1 min

© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

De GRECO-Rapport weist och nach drop hin, datt méi Weiderbildunge a Berodung misste gemaach ginn. Beim Ëmgang mat méiglechen Interessenskomflikter, der Kontroll vun den Aktivitéite baussent der Aarbecht a beim Schutz vu sougenannte Whistleblower misst nach nogebessert ginn. 

Sozialdialog vu vir eran

Wann dat elo geännert gëtt, dierften, der FGFC no, keng speziell nei Reegele just fir d‘Gemengepersonal decidéiert ginn. Esou Reegele missten de gesamten ëffentlechen Déngscht ofdecken. Och missten déi nei Reegelen da fir all Gemeng am Land d'selwecht gëllen.

D‘Gewerkschaft fuerdert an hirem Schreiwes och, datt Gemengepersonalvertrieder mat an d‘Ausschaffe vun neie Verhalensreegele mat agebonne misste ginn. De Sozialdialog misst ufänken, ier Reegelen op d'Bee gestallt ginn, fuerdert d'Gewerkschaft.