Déi ganz Oppositioun huet fir d’Resolutioun gestëmmt. D’Majoritéit war dogéint. Déi Gréng haten um Dënschdeg an der Chamber d'Resolutioun agereecht.
Et war dorëm gaangen, den Deputéierten den Demissiounsbréif vum fréiere President vum MUDAM-Verwaltungsrot weider ze ginn.
De Minister hat déi Demande refuséiert, well de Patrick Majerus net wollt hätt, datt de Bréif ëffentlech gëtt.
An enger Mail vun Enn Januar, déi och dem radio 100,7 virläit, hat de Patrick Majerus awer geschriwwen, datt een de Bréif aus Transparenzgrënn dierft verëffentlechen.
Eric Thill: “Ech war zu all Moment éierlech”
Datt de fréiere President vum Mudam an enger vu ville Mailen u Beamte säi Wonsch geäussert huet, datt de Bréif kéint publizéiert ginn, wier him bis gëschter net bewosst gewiescht, esou de Minister Eric Thill um Mëttwoch an enger Kommunikatioun un d’Press.
Den Demissiounsbréif vum Patrick Majerus wäert der Chamber weidergeleet ginn, huet den DP-Politiker um Mëttwoch ugekënnegt. Den Eric Thill ënnersträicht an dëser Kommunikatioun och, datt hien “zu all Moment éierlech” gewiescht wier. Hien hätt zu “no beschtem Wëssen a Gewësse kommunizéiert”, an den Deputéierte Ried an Äntwert gestan.
De Kulturminister Eric Thill erënnert dorun, datt de Mudam “eng vun de bekanntste kulturellen Institutiounen am Land wier, an am Ausland eng grouss Renommée hätt.
“Wann elo weider op der Place publique dësen Dossier ouni inhaltlech Déift breet getrëppelt gëtt, da belaascht dat net nëmmen d’Personal, mee schued och kuerz- a laangfristeg dem Ruff vum Mudam an dem kulturelle Standuert Lëtzebuerg.”
D’Conférence des Présidents vun der Chamber wäert sech elo mat der Fro ausernee setzen, wéi eng Dokumenter an ënner wéi enger Form, d’Regierung mat der Chamber däerf a soll deelen. Dat huet de Chamberpresident Claude Wiseler (CSV) an der Chambersëtzung um Mëttwoch ugekënnegt.