De Bilan vun de Méint Mäerz bis Mee, also déi Period déi fir d‘Meteorologen d‘Fréijoer duerstellen, ass ganz mitigéiert. Schold sinn ënnerschiddlech Wiederlagen, déi am Mäerz fir kaalt a reenerescht Wieder gesuergt hunn.
Vun Abrëll un huet den Trend däitlech gedréint an iwwer Mëtteleuropa huet sech e staarken Héichdrock opgebaut. Deen huet fir Dréchent a virun allem och waarmt Wieder gesuergt.
D'Längt vun der Hëtztperiod war aussergewéinlech
Absolut Hëtztrekorder goufen um Findel mat 29,7 Grad de 26. Mee zwar net gebrach, dofir war d‘Längt vun der Hëtztwell awer aussergewéinlech, de Luca Mathias vu Meteolux.
"Par Rapport zum Findel war et esou, datt mer do néng Summerdeeg hannerenee gemooss hunn. Dat sinn néng Deeg hannereneen, mat enger Maximumtemperatur vu 25 Grad oder driwwer. Dat hu mer säit dem Ufank vun den Opzeechnungen, 1947 um Findel esou an engem Mee nach ni beobacht."
Genee wéi déi lescht Fréijoer huet et och dëst Joer u Ree gefeelt, een Trend deen sech iwwer d‘Jore confirméiert huet.
"Mir hunn en Defizit vun zirka 32 Prozent par Rapport zur Referenzmoyenne vun 1991 bis 2020. Dat heescht u sech dee Wäert, dee mer elo dëst Fréijoer hunn, mat deem Defizit confirméiert e bëssen en Trend, dee mir gesinn hunn, wa mer déi zwou Referenzperiode matenee vergläichen."
Nach net op de Summer schléissen
Déi éischt grouss Hëtztwell esou fréi am Joer genee wéi och de staarken El Niño Effekt - eng Mieresstréimung am Pazifik déi d‘Wieder weltwäit beaflosst - mussen awer net bedeiten datt dëse Summer iwwerméisseg Hëtzt ze erwaarden ass.
"Domadder kann ee lo net op de Summer schléissen. En El Niño huet souwisou éischter ganz geréngen Afloss op eis Regioun."
Trotzdeem weisen d‘Previsiounsmodeller och fir dëse Summer nees iwwerduerchschnëttlech Temperaturen aus, esou de Luca Mathias, déi géifen ëm 2 Grad vum Mëttel ofwäichen.