Klimawandel

De Klima-Adaptatiounsplang: Lëtzebuerg op déi nei Realitéite virbereeden

Extreem Hëtzt, Dréchent oder staarke Reen: D’Konsequenze vum Klimawandel sinn och hei am Land reegelméisseg ze spieren. Fir Lëtzebuerg konkret op d’Klimaverännerunge virzebereeden huet de Regierungsrot Enn Abrëll de Klima-Adaptatiounsplang ugeholl. Mee wat ass do genee dra virgesinn?

auto_stories

4 min

headphones

5 min

Iwwerschwemmung Esch | © Jacques Ganser play_arrow
Iwwerschwemmung Esch (Foto: Jacques Ganser)

Beim Klima-Adaptatiounsplang, deen iwwer déi lescht Méint ausgeschafft ginn ass, konnt och d'Bevëlkerung Iddie mat abréngen. De Grand-Duché ass vulnerabel wat de Klimawandel ugeet. Dat confirméiert ënner anerem d’Welt-Meteo-Organisatioun.

Serge Wilmes: "Mir Mënsche kënnen eppes dogéint maachen"

Lëtzebuerg muss sech un déi nei klimatesch Realitéiten upassen. Do si sech alleguer d’Acteuren eens.

Bei der Presentatioun vun der neier Upassungstrategie virun enger gudder Woch um Dag vum Klimapakt, sot den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes a senger Ried: De Klimawandel wier zwar definitiv do, mee et wier  nach net ze spéit fir sech dogéint ze schützen.

"De Klimawandel, dat ass net eng Fatalitéit, mee dat ass vun ons Mënsche gemaach. Also kënne mir och als Mënschen eppes dogéint maachen. Mir sinn net einfach esou hoffnungslos dem Schicksal ausgeliwwert, mee mir hunn et an der Hand fir dat an Zukunft kënnen ze änneren."

Nieft de konkrete Moossname fir d’CO2-Emissiounen ze reduzéieren, misst ee sech gläichzäiteg un déi Konsequenze vum Klimawandel upassen, déi elo schonn existéieren.

"Mir si jo mam Klimawandel vun allem op zwee Pilieren aus, op déi mir eis opbauen, eis ganz Aktiounen, heescht engersäits jo Reduktioun vun den CO2-Emissiounen, sougenannte Klimamitigatioun,  anersäits awer och domadder muss se scho liewen, mat de Konsequenze vum Klimawandel an dowéinst musse mir eis do dorun upassen."

Den Impakt vum Klimawandel geet vill méi wäit wéi "just" d'Natur

De Rapport vum europäesche Copernicus-Programm iwwer den Zoustand vun der Äerd weist an der Lescht ëmmer erëm, datt Europa sech méi wéi duebel esou séier erwiermt wéi aner Regiounen op der Welt. 

Dat huet net nëmmen en Impakt op d’Natur, mee och op Infrastrukturen, d’Wirtschaft an d'Gesondheet vun de Bierger:innen. Grad dowéinst gouf sech dozou decidéiert, d’Upassungs-Strategie an enger interministerieller an transversaler Approche ze entwéckelen.

Erauskomm sinn 152 Moossnamen, déi nach eng Kéier a 17 thematesche Gruppen ënnerdeelt sinn. Beispillsweis solle sougenannten Hëtzt-Inselen an de Stied reduzéiert ginn. Dat duerch méi Beem, Schiet a Waasserflächen.

Mee och am Logement solle Mesuren ëmgesat ginn. Nei Gebaier sollen net nëmmen energieeffizient sinn, mee och extreemer Hëtzt standhalen. Hei soll de Fokus op natierlech Killung amplaz vu Klimaanlage gesat ginn.

Moosname solle keng Theorie bleiwen

Fir sécher ze goen, datt dës Moossnamen och ëmgesat ginn, huet de Ministère eng Prozedur ausgeschafft, erkläert d’Elena Metzdorf, Expertin Waasser-Gestioun a Klima-Adaptatioun beim Ëmweltministère.

"Si si konkreet definéiert mat engem Indicateur de suivi, fir kënnen ze kucken, ob d'Moossnam och ëmgesat gouf, mat engem oder méi Responsabelen, déi sech drëms këmmeren, datt déi jeeweileg Moossnamen och ëmgesat ginn. Den Ëmweltministère koordinéiert dann dat Ganzt tëschent de Ministèren, Verwaltungen a Gemengen a setzt natierlech och seng eege Moossnamen ëm."

D'Gemengen als wichtege Facteur

Eng wichteg Roll bei der Ëmsetzung vum Plang spillen d’Gemengen. Hir Aufgab ass et ënner anerem ëffentlech Raim ze begréngen, Flächen ze entsigelen a lokal Resilienzpläng auszeschaffen. Och beispillsweis Renaturéierungsprojete vu Flëss sollen dobäi hëllefen, Iwwerschwemmungen ze reduzéieren. Dofir gouf och e Subside en Place gesat, esou d’Elena Metzdorf.

"Am Kader vum Klimaupassungskonzept sinn d'Etüden als eligibel Käschten ugesinn. Dat kënnen zum Beispill Analyse vum aktuellen Zoustand vun de Gemenge sinn, Klimarisiken oder och kritesch Infrastrukturen, mee och Plange vun de Moossnamen. An dee Subsid deckt 50 Prozent vun de Käschte bis zu engem Maximum vu 25 .000 Euro pro Projet."

Net ëmmer nees déi nämlecht Feeler maachen

Wann et ëm d’Upassung un de Klimawandel geet, dann ass eng vun de Schwieregkeeten dacks déi, datt ee riskéiert, sech am Krees ze dréinen.

D'Konsequenze vum Klimawandel wéi beispillsweis eng Iwwerschwemmung trieden op, d’Mënsche musse Stroossen, Brécken a Gebaier raumen oder nei opbauen a wann dat gemaach ass geet et nees vu vir lass.

D’Katharina Schätz ass eng däitsch Expertin fir Klima-Adaptatioun, déi Gemenge bei groussen Adaptatiounsprojeten begleet a beréit. Si seet, et misst een dëse Krees briechen.

"Vorwärts gerichtet zu handeln, also hier zum Beispill die Risiken zu erkennen, sich Massnahmen zu überlegen und dann eben in die Umsetzung zu gehen."

Als Beispill nennt si en Iwwerschwemmungsgebitt, wat ëmmer nees wäert iwwerschwemme wann een dem Waasser net déi néideg Plaz gëtt. D’Léisung kéint beispillsweis eng Renaturéierung sinn.

Nëmmen ze reagéiere géif net méi duer goen, et misst ee wann et ëm Klimaadaptatioun geet, op laang Dauer plangen, esou d'Katharina Schätz.

Ob dat Lëtzebuerg mat sengem Klimaadaptatiounsplang geléngt, dat wäert sech musse weisen. D’Strategie bezitt sech op den Zäitraum 2025-2035. Wéi et duerno weider geet a wat zukünfteg Schwéierpunkte kéinte sinn, gëtt duerno gekuckt.

Lauschterenplay_arrow