Sozial Medien

D'Justizministesch begréisst d'Propos vun engem EU-Social-Media-Verbuet fir Jonker

D’Elisabeth Margue begréisst prinzipiell d’Propos vun der EU-Kommissioun fir e Social-Media-Verbuet fir Jonker. D’Justiz- an delegéiert Medieministesch seet am 100,7-Interview, si wier frou, datt d’EU-Kommissioun a Richtung vun engem Verbuet geet.

auto_stories

2 min

D'Elisabeth Margue | © Jo Diseviscourt
D'Elisabeth Margue (Foto: Jo Diseviscourt)

Doriwwer eraus géifen och Mesurë proposéiert gi fir d’Plattforme fir déi Jugendlech méi sécher ze maachen, begréisst d'Ministesch.

"Fir d'Plattforme sécher ze maachen, andeems si soen, d'Plattforme musse safe by design sinn. Dat heescht, eng ganz Rei vun de Fonctionalitéite vun de Plattformen, déi d'Kanner süchteg maachen, dierfen an Zukunft net méi op de Plattformen ze fanne sinn."

Virun allem de Fait, datt een ëmmer weider Contenue ugewise kritt, deen inhaltlech matenee verbonnen ass, ass problematesch, fënnt d'Ministesch. 

"Wa si eng Kéier en extreemistesche Contenu gesinn, datt si an ee Rabbit Hole kommen. Datt si nëmmen nach déi Zorte vu Contenue gesinn. Dat mussen d'Plattforme sécherstellen, datt dat net geschitt."

D’EU-Memberstaate sollten elo konstruktiv an d’Diskussioun goen, fir datt esou séier wéi méiglech eng Léisung fonnt gëtt, esou de Wonsch vun der Elisabeth Margue.

Positiv wier och, datt d'Firmen hanner de Social-Media-Plattformen elo just nach d'EU als Interlocuteur hunn an net méi muss mat 27 eenzelne Staaten eng Léisung fonnt ginn. 

Vun anere Länner léieren

An Australien, déi schonn esou ee Social-Media-Verbuet hunn, ëmgi ganz vill Kanner de Verbuet einfach. Fir d'Elisabeth Margue sollt een dovu léieren. Dobäi kéim, datt een ni zu 100 Prozent esou eppes kéint ëmsetzen. 

"Mee dat soll keng Excuse sinn, fir net ze probéieren, déi grouss Majoritéit u Kanner hei ze schützen. Well mir awer entretemps wëssen, datt déi Sozial Medie kënnen ee ganz negativen Impakt huelen, och hunn op d'Wuelbefanne vun eise Kanner."

D’EU-Kommissioun wëllt Jonker besser virun zum Beispill TikTok, Snapchat an Instagram schützen. Gëschter huet se mam Kids Act konkret Propose fir e Social-Media-Verbuet fir Kanner ënner 13 Joer virgestallt, an doriwwer eraus méi streng Reegelen an der Online-Welt.