Europäesche Geriichtshaff

Ex-Minister François Biltgen soll fir weidert Mandat Riichter um EuGh bleiwen

De François Biltgen soll fir weider sechs Joer Riichter um Europäesche Geriichtshaff bleiwen. De Regierungsrot huet eng entspriechend Propos vun der Justizministesch Elisabeth Margue ugeholl.

auto_stories

1 min

©  EPA/YOAN VALAT
(Foto: EPA/YOAN VALAT)

Lëtzebuerg wäert de fréieren CSV-Minister an CSV-President deemno offiziell als Kandidat bei de Vertrieder vun den EU-Memberstaate proposéieren. Säin neit Mandat géif dann de 7. Oktober 2027 ufänken a bis 2033 daueren.

Aus der Politik bekannt

De 67 Joer ale François Biltgen war vun 1999 bis 2004 Aarbechtsminister, an tëschent 2009 an 2013 Minister fir Justiz, Kultur an Héichschoul. Zënter 2013 sëtzt hien als Lëtzebuerger Riichter um Europäesche Geriichtshaff.