Amnesty International Lëtzebuerg organiséiert elo an der Mëttesstonn virun de Gebaier vun der Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur (CSSF) op der Areler Stross e Protestpiquet. D’Mënscherechtsorganisatioun warnt, datt EU-Staaten, déi de Verkaf vun Obligatioune vum Staat Israel autoriséieren, riskéiere Komplize vum “Genozid” an der Gazasträif ze ginn.
Fuerderung un Lëtzebuerg
Lëtzebuerg, Irland an all aner EU-Memberstaate mussen de Verkaf vun de sougenannten “Israel Bonds” stoppen, soss géife si de Risiko lafe sech matschëlleg u Verbrieche vun Israel géint d’Palestinenser ze maachen, esou Amnesty International.
Zënter dem September d’lescht Joer ginn d’”Israel Bonds” bannent der EU vun der Lëtzebuerger CSSF reguléiert. D’Obligatioune kënnen hei am Land, a Frankräich, Däitschland, Éisträich an Holland gezeechent ginn. Amnesty International fuerdert vu Lëtzebuerg, no Enn August keen neie Prospekt fir dës staatlech israeelesch Obligatioune méi z’autoriséieren.
Ethesch a rechtlech Konsequenzen
De Verkaf vun dësen Obligatiounen an der Europäescher Unioun hätt ethesch a rechtlech Konsequenzen, ënnersträicht d’Mënscherechtsorganisatioun. D’Sue géifen dozou bäidroen, déi militäresch Capacitéit vun Israel weider ze garantéieren.
2023 wieren dës Obligatiounen als Mëttel fir “Israel am Krich” ze ënnerstëtzen ugebuede ginn, schreift Amnesty International.Tëschent 2023 an 2025 hätt Israel duerch d’“Israel Bonds” an der Moyenne 2,4 Milliarden US-Dollar pro Joer era kritt.