Fir d’Schoulkanner vu Géisdref, Park Housen a Pëtschent geet et Moies fréi lass. Um 07:40 Auer schellt et am Schoulhaff – um 12:40 Auer hu si de Schouldag da gepackt. Mëttes hunn déi ronn 800 Schüler:innen aus dësen dräi Gemengen dofir awer ëmmer fräi.
Modell ass eng Raritéit
Méiglech ass dat, well d’Schoulkanner hei och samschdes véier Stonne Cours hunn, wann och just 12 mol pro Schouljoer. Fréier war et usus, och samschdes an d’Schoul ze goen. Viru 25 Joer gouf dunn awer d’Méiglechkeet vum schoulfräie samschdes ageféiert an zënterhier steet et de Gemenge fräi, de samschdesunterrecht bäizebehalen oder net.
An Tëschenzäit ass esou ee Modell zu Lëtzebuerg awer eng Raritéit. D’Nordgemenge Géisdref souwéi d’Nopeschgemenge Parc Housen a Pëtschent, déi am interkommunale Schoulsyndicat Sispolo zesummegeschloss sinn, sinn déi eenzegt am Land, déi nach un dësem Modell festhalen, wéi den Educatiounsministère confirméiert.
Wéi de Jean-Paul Mathay, Buergermeeschter vu Géisdref, an de Romain Wester, Buergermeeschter vu Parc Housen a President vum Sispolo, erklären, gehéieren déi laang Transportweeër am ländleche Raum zu den Haaptargumenter fir dëse Modell. Doduerch, datt mëttes keen Unterrecht ass, gëtt séchergestallt, datt kee Schüler méi wéi eemol am Dag an d’Schoul an erëm zeréck heem fuere muss.
Beim Transportwee gëtt Zäit gespuert
De Romain Wester, Buergermeeschter vu Park Housen a Präsident vum Sispolo-Syndikat, rechent vir:
"Wann een aus dem Ourdall eropkënnt, muss ee wëssen, datt ee Schüler fir een Aller, respektiv fir ee Retour, bis zu 30 Minutten am Bus ass. Dat géif bedeiten, bei engem normale Schoulhoraire kéinten dat bis zu zwou Stonnen den Dag ausmaachen."
Dës Erfarung huet een och zu Géisdref gemaach. De Buergermeeschter Jean-Paul Mathay schwätzt vun immens positiven Erfarungen. Aan déi schoulfräi Nomëtteger géife vill Avantage fir d’Kanner mat sech bréngen.
"Fir d'Kanner ass et eng flott Saach, well se einfach e gereegelte Rhythmus hunn. Wa si all mëtteg fräi hunn, ass dat flott. Si hu manner Bustransport. Mëttes zum Beispill, ginn se an d' Kantin iessen. Och dat ass e gereegelte Rhythmus fir si."
Do kéinte si fir d'éischt hir Hausaufgabe maachen a sech duerno op hir Fräizäit konzentréieren ouni nach eemol an d'Schoul ze mussen.
"Och do ass et esou, datt d'Kanner dee Moment einfach an der Maison relais ukomm sinn an net brauchen nach eng Kéier ze wiesselen, wat fir si och flott ass. Dat sinn d'Erfarungswäerter, déi mir hunn."
Hallefzäit schaffe passt bei de Modell
Och déi Kanner, déi net an d'Maison relais géife goen, géife profitéieren.
"Well déi hunn dann all Mëttes och vill Zäit fir hire Mëtteg mat de Kolleegen ze organiséieren."
Och villen Eltere géif dëse Modell entgéintkommen, ënnersträicht de Romain Wester. Fir Elterendeeler, déi deelzäit schaffen, bréngt dës Organisatioun d’Méiglechkeet, däitlech méi Zäit mat hire Kanner ze verbréngen.
"Op där anerer Säit hu mer och ganz vill Elteren, déi hiert Aarbechtsverhältnis selwer vu sech aus zum Deel esou organiséiert, oder déi Leit déi net ganz schaffen, datt se Moies schaffen an dann och nach genuch Zäit hunn, fir bis heem ze komme wann déi Kanner dann aus der Schoul kommen."
Hallefdaags schaffe wier bei deem dote Modell liicht ze arrangéieren, mengt de Romain Wester weider.
Modell bréngt positiv Erfarungen
De Samschdesunterrecht gëtt souwuel zu Géisdref wéi och zu Parc Housen net fir d’Haaptfächer, mee fir méi locker Aktivitéite genotzt. D’Schoulkanner vu Géisdref zum Beispill hu keng eege Piscine zur Verfügung – samschdes hunn si d’Méiglechkeet, d’Schwemm vum Woltzer Lycée ze notzen.
Och zu Parc Housen notzt een d’Samschdeger fir sportlech Aktivitéiten oder fir extra Schoulprojeten. Natierlech géif een de Modell ëmmer nees op de Leescht huelen an driwwer diskutéieren, betounen déi zwee Buergermeeschteren. Esouwuel zu Géisdref wéi och an de Sispolo-Gemenge Parc Housen a Pëtschent ass een der Meenung, datt déi positiv Erfarungen iwwerweien.
Konkret Iwwerleeungen, sech vum aktuelle Modell ze verabschiden, ginn et bis ewell also net – a sou wäert et an de Grondschoulen zu Géisdref a Parc Housen och weiderhin 12 mol am Joer samschdes schellen.