1. Den Elektrouewe vun der Metzeschmelz tëscht Esch a Schëffléng verschwënnt e Sonnden an enger Woch. Fir d’Escher Gemeng ass dat eng weider Etapp vun der Ëmgestaltung vum Ex-Industriestanduert.
2. Russland geet mat sengen Aktiounen op europäeschem Territoire eng irresponsabel Wett an, seet de franséische President Emmanuel Macron. Hie stäipt Polen an Dänemark an deem Kontext de Réck.
3. Am däitsche Fussball gewënnt Bayern München net nëmmen net géint Köln an engem virgezunnene Match vun der Bundesliga. Mä donieft verléiert de Veräi säin englesche Stiermer Harry Kane op Blessur.