1. Bei der nächster Ronn vun Ukrain-Friddensverhandlunge sollen d’Europäer mat um Dësch sëtzen, huet et gëschter Owend um Bord vun engem informellen EU-Sommet zu Dublin geheescht. Do sollt u sech d’kënschtlech Intelligenz am Mëttelpunkt stoen.
2. Dem Logementsminister Claude Meisch no wëll d’Regierung net, dass all Student hei am Land eng Loyerssubventioun soll kréien. D’Studente kriten eng generéis Bourse, sot den DP-Politiker.
3. D’Belsch (an der Tiirkei) an Italien (géint Frankräich) setze sech an der A-Liga vun der Nations League am Fussball duerch, a Lëtzebuerg kritt et den Owend an der C-Liga mat Estland ze dinn: Dat sinn Iwwerschrëften am Sport.