D'Auer gouf gedréint an net jiddweree freet sech doriwwer. D’Zäit-Ëmstellung ass europäesch gereegelt. Si sollt schonn emol ofgeschaaft ginn, dofir hat sech ënner anerem de Jean-Claude Juncker a senger Zäit als Kommissiounspresident agesat.
Mee d’Debatt stécht zënter 2018 fest.
Een, deen se nei un d'Rulle brénge wëllt, ass de Peter Liese, dee fir d’CDU am Europaparlament - hien huet ee Bréif un d’Transportministere geschriwwe mam Appell, et wier un der Zäit, sech nei unzestrengen, fir een Accord ze fannen. A mat him schwätze mir am Moiesstudio.