D’Europäesch Unioun pocht drop, datt de Klima-Accord, wou wéi en 2015 zu Paräis ofgemaach gouf, och ëmgesat gëtt.
D’Länner missten sech op der nächster Klimakonferenz dozou engagéieren, d’Engagementer vum Paräisser Accord effektiv anzehalen, heescht et an enger Deklaratioun vun de 27 EU-Memberlänner.
Dee Pabeier gouf gëscht hei zu Lëtzebuerg vun den EU-Ëmweltministeren ugeholl - d’EU fiert domat op déi nächst Klimakonferenz, déi a gutt dräi Wochen an der Tierkei zu Antalya ufänkt.
Lëtzebuerg steet hannert deem europäesche Mandat, sot eis gëscht um Bord vun der Reunioun um Kierchbierg den Ëmweltminister Serge Wilmes. D’EU misst zu Antalya méi “bescheiden” wéi nach zejoert op der Klimakonferenz a Brasilien optrieden.