Lëtzebuerg schéckt ee Läschfliger genee wéi 15 Pompjeeën a Frankräich, fir ze hëllefen d’Bëschbränn an de Grëff ze kréien.
Koordinéiert gëtt deen Asaz zu Bréissel, am Zentrum vum sougenannten EU-Mechanismus fir d’Protection civile, wou d’Fiedem fir déi europäesch Noutfallmesuren zesummelafen. Vun do aus gëtt d’Hëllef op europäeschem Niveau koordinéiert an ofgestëmmt.
D’Danièle Weber konnt sech op der Plaz an där Kommandozentral, matten am EU-Quartier zu Bréissel, selwer ee Bild maachen doriwwer, wéi dat funktionéiert.