Wärend engem Concert vun de Münchener Philharmoniker ënner der Direktioun vum israeeleschen Dirigent Lahav Shani koum et zu anti-israeelesche Protester am Wiener Musikverein. E puer Demonstranten an Aktivisten haten duerch haart Gejäiz an d'Werfe vu Flyeren a Fändelen op sech opmierksam gemaach.
De Concert gouf doduerch esou staark gestéiert, datt den Dirigent Lahav Shani de Concert fir kuerz Zäit ënnerbrach hat, éier et no enger kuerzer Paus weidergoe konnt.
Eng Ausluedung vum israeeleschen Dirigent Lahav Shani an de Münchener Philharmoniker vum Flandern-Festival zu Gent hat déi lescht Wochen ëmmer nees fir Diskussioune gesuergt.