Eise nächst Gaascht beim Klassik Talk ass de Benjamin Schäfer. Hien ass Perkussionist a Solopauker bei de Lëtzebuerger Philharmoniker, esou wéi den Dirigent vum Orchestre Place de l'Europe. De Benjamin Schäfer seet, hien hätt als jonke Museker d'Gléck gehat, déi richteg Leit ronderëm sech ze hunn, déi hie gepusht hunn. Alles fänkt an engem Duerf am Saarland un: Zesumme mat senger ganzer Famill spillt hie Chrëschtdag op der Blockflütt fir seng Grousseltere fir Kaddoen ze kréien. Mee de Benjamin Schäfer war net ëmmer deen extrovertéierten, selbstséchere Museker, deen een haut kennt. Am Gespréich mam Marie Trussart kuckt hien zeréck op seng Kandheet an erzielt, wéi seng Mamm heemlech säi Xylofon mat op Gaardepartyen hëlt an hien als scheie, klenge Jong e bësse ge zwéngen huet viru Leit ze spillen.
“Erinnerung an Zirkus Renz”, dat ass ee vun deenen éischte Stécker, déi de Benjamin Schäfer viru Leit gespillt huet.