De Jean-Guihen Queyras huet mat 9 Joer ugefaangen Cello ze léieren. Senger Meenung no wier dat éischter spéit, am Verglach mat deene meeschte professionelle Cellisten.
Studéiert huet hien um Conservatoire National Supérieur de Musique et de Danse de Lyon. Duerno ass hien da weidergaangen op d’Musikhochschule Freiburg, wou hien och zanter 2011 Professer ass. En aneren Deel vu senge Studien huet hien un der Juilliard School an un der Mannes College of Music zu New York gemaach.
Musek huet schonn ëmmer eng grouss Roll a sengem Liewe gespillt. Seng Elteren hunn allen zwee e staarke musikaleschen Hannergrond a säi Brudder huet Cello gespillt. Dat huet hien da selwer nëmmen nach méi zu deem Instrument inspiréiert. Wat fir ee Beruff hie gewielt hätt, wann hien net professionelle Cellist gi wier, dat verréit hien am Gespréich mam Marie Schockmel.