De Gerry Welter gehéiert definitiv zu deene Mënschen déi een an der Lëtzebuerger Musekszeen als Institutioun bezeechent. Hie war 40 Joer laang Braatschist am fréieren RTL Orchester, Enseignant fir Bratsch am Stater Conservatoire, hie war ee vun der Grënnungsmembere vun den Amis de l’orgue an huet an diverse méi klengen Ensembele matgespillt.
De Gerry Welter erzielt eis haut wéi hien iwwerhaapt op d'Iddi komm ass fir Braatsch ze spillen, a wéi et dozou komm ass dass hien ee vun den éischte professionelle Orchestermuseker aus Lëtzebuerg ginn ass.