De Pianist a Komponist John Maia huet iwwer 400.000 Follower op Instagram. Hien ass zu Lëtzebuerg opgewuess an deelt gäre seng Musek mat senger Community op Social Media, andeems hie reegelméisseg Videoë publizéiert. An awer kennt quasi keen hien hei am Land.
D'Marie Trussart huet den John Maia kennegeléiert a probéiert erauszefannen, firwat dat esou ass a wéi hien et hikritt huet, esou populär ze ginn.