Eng Rees an d’Fantasiewelt vu Konfitürenburg: erlieft déi ganz Geschicht vum "Nussknacker" hei um Opus. Dem klenge Klara säi Chrëschtkaddo, en Nussknacker, verwandelt sech an e Prënz a mécht mam Klara en Ausfluch an eng märchenhaft Welt, an där et Zockerfeeë gëtt, an där Blummen eng Waltz danzen an och de Schnéi beweegt sech am ¾ Takt. Hei um Opus erzielen d’Berliner Philharmoniker d’Geschicht mat hiren Instrumenter, ënner der Leedung vum Simon Rattle.
Duerch d'Geschicht féiert de Christophe Mirkes.