CD-Klassik
Am Schiet vu Mozart an Haydn
11 min
Wéi de Paul Wrantizky 1784 an den Déngscht vun der Famill Esterhazy trëtt, ass seng Karriär quasi gemaach. De Wee geet weider op Wien - fir d'éischt an de Kärntnertortheater, duerno als Chef an de Burgtheater. Deementspriechend maache Kompositioune fir d'Bün - Operen, Balleten, Schauspielmuseken - de Gros vum Wranitzky sengem Oeuvre aus. A senger Serie mat Orchestermusek vum Paul Wrantizky ass deen tschecheschen Orchester vu Pardubice elo beim fënneften Disk ukomm - mat ënner anerem dem Ballet "Das listige Bauernmädchen".