Radioen

On air

De barocke Moien  |  Beatles, Peter Breiner - Concerto Grosso Nr.1 am Stil vum G.F. Händel, V. Penny Lane - Allegro - Peter Breiner and his Chamber Orchestra

play_arrow Live
opus

/ Xavier Bettel zu Warschau

EU-Ausseministeren

Xavier Bettel zu Warschau

D‘EU-Ausseministere kommen haut um Mëttwoch a muer Donneschdeg an der polnescher Haaptstad Warschau fir eng informell Reunioun zesummen. De Xavier Bettel ass fir Lëtzebuerg mat derbäi. Haaptsujet um Mëttwoch ass déi aussepolitesch Zesummenaarbecht tëschent der EU a Groussbritannien. Dofir ass och de britteschen Ausseminister David Lammy beim Treffen derbäi.

auto_stories

1 min

© Serge Kesseler
(Foto: Serge Kesseler)

Muer um Donneschdeg geet et dann iwwer de russeschen Ugrëffskrich géint d‘Ukrain an d‘Relatiounen tëschent der EU an den USA, esou e Communiqué vum Lëtzebuerger Ausseministère.