Weider wieren un der Grenz 751 illegal Areesen erfaasst ginn.
Am 100,7-Interview sot de lëtzebuergeschen Inneminister Léon Gloden, datt hien op eng gutt Zesummenaarbecht mat sengem neien däitschen Homolog Alexander Dobrindt hofft. Wat d'Verlängerung vun de Grenkontrollen ugeet huet den CSV-Minister awer op de Schengen-Kodex verwisen, laut deem d'Kontrolle maximal zweemol verlängert kënne ginn.