Sozialdialog

Xavier Bettel: "Prinzipiellen Tripartite-Accord ass ee Succès fir eise Premier"

"Ech si frou, datt ech dat zesumme mam Premierminister Frieden fäerdeg bruecht hunn", esou d’Reaktioun vum Vizepremier Xavier Bettel (DP) nodeem an der Tripartite ee prinzipiellen Accord erreecht gouf. "Hei ass e Succès fir eise Premierminister", huet de Xavier Bettel am 100,7-Interview zouginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© SIP / Julien Warnand play_arrow
(Foto: SIP / Julien Warnand)

Iwwer seng eege Roll bei dëser Tripartite wollt den DP-Vizepremier net vill soen. De Xavier Bettel hofft, datt den Tripartite-Accord Ufank vun der nächster Woch kann ënnerschriwwe ginn. 

Wat hien zum Succès bei den dräi Verhandlungsronnen am Schlass zu Senneng bäigedroen huet, wollt de Vize-Premier net verroden.

"Dat soen ech net. Ech war dobäi an ech hunn dat gemaach, wat ech fir richteg fonnt hunn, an deem Moment, wou ech opportun fonnt hunn."

Zum annoncéierte Käschtepunkt vum Mesurëpak vu 450 Milliounen Euro iwwer zwee Joer fir de Staat, huet de Xavier Bettel gesot, datt d’CSV-DP-Regierung och eng Responsabilitéit fir déi nächst Generatiounen hätt.

"Jo, et kascht eppes, mee ech hu léiwer en Invest à court terme, à moyen terme, wéi eng futtis Ekonomie(...) Stellt Iech vir eng Kéier eng Woch mam Mindestloun ze liewen. An all déi Leit, déi mengen de Mindestloun wier ze héich, déi solle selwer eng Kéier probéiere mat deem eens ze ginn. An dowéinster sinn ech och frou, dass mer do eng Léisung fonnt hunn."

"War een ëmmer staark wann een zesummegehalen huet"

Hie wier och méi frou dëse Sonndeg a senger Ried um DP-Nationalkongress zu Bartreng iwwer e Succès bei der Tripartite kënnen ze schwätzen, wéi iwwer en Desaccord.

"Ech si lo 13 Joer an enger Regierung. An déi leschten 13 Joer, ware mir ëmmer staark, wa mer zesummegehal hunn."

Den Accord bei der Tripartite géif virun allem dem Land hëllefen, hofft de Xavier Bettel.

"Hei ass ee Succès fir eise Premierminister, mat der Ënnerstëtzung vun deem engen a vun deem aneren a verschiddene Momenter. Mee ech fannen, dass hei de Premierminister dës Tripartite och gutt geleet huet an dass jiddwereen och a senger Roll war."

Lauschterenplay_arrow