No der Tripartite

D'Oppositioun begréisst den Tripartiteaccord stéisst sech awer un der Finanzéierung

Den Tripartiteaccord gëtt vun den Oppositiounsparteie gréisstendeels begréisst. Allerdéngs stéisst sech d'Oppositioun un der Finanzéierung vun dësem. Iwwerdeems ass net jiddereen zefridden domat, datt de Mindestloun net strukturell gehéicht gëtt.

auto_stories

5 min

© Chambre Des Députés
(Foto: Chambre Des Députés)

Den Deputéierte vun déi Lénk, de Marc Baum begréisst ausdrécklech, datt am Accord virgesinn ass, d’Energiepräisser nach emol ze deckelen. Hie verweist awer drop, datt seng Partei dëse Virschlag scho virun dräi Méint an der Chamber gemaach hat.

Donieft begréisst de lénken Deputéierten, datt um Niveau vun den niddregen Akommes eppes geschitt. Hie stellt fest, datt et awer keng strukturell Erhéijung vum Mindestloun ass, mee eng punktuell Verbesserung, an et wier de Staat, deen déi méi héich Käschte géif bezuelen.

Zum annoncéierte Gesamt-Käschtepunkt vum Mesurëpak vu 450 Milliounen Euro iwwer zwee Joer seet de lénken Deputéierten, datt dat vill Sue sinn - An et géif keng Géigefinanzéierung dovu ginn. Et wier also eng Finanzéierung iwwer Scholden, ënnersträicht de Marc Baum.

"Dat ass ganz erstaunlech fir eng Regierung, wou den eemolege Finanzminister an haut CEO Scholden sou mat als dat Schlëmmst ugesinn huet an der Vergaangenheet. (...) Wat et gebraucht hätt, dat wier eng seriö Géigefinanzéierung. Dat wier eng Erhéijung vu Steieren op deene ganz grousse Revenuen, op deene ganz grousse Profitter."

Accord eng Victoire fir de Premier?

Iwwerdeems géif ee gesinn, datt et Entreprisë géife ginn, déi massiv vun der Kris profitéiere géifen. Dës Acteuren hätten hiren Deel zur "gesellschaftlecher Kriseléisung" misste bäidroen, fënnt de Marc Baum.

De lénken Deputéierte streit net of, datt de prinzipiellen Tripartite-Accord e Succès fir de Luc Frieden ass. De Premier hätt a leschter Sekonn eng weider Defaite kënnen ofwennen, duerch ee scholdefinanzéierte Kompromëss, esou d’Analys vum Marc Baum.

Pirate kritiséieren, datt de Steierzueler fir den Accord muss opkommen

De Sven Clement vun de Pirate begréisst d’Verbesserunge beim Mindestloun, bedauert awer datt déi integral vum Steierzueler solle gedroe ginn.

"Ech menge wat een absolutt begréisse kann, dat ass d'Erhéijung hei vun der Kafkraaft, grad vun deene Leit, déi de Mindestloun kréien, mir hate jo scho länger mat der Regierung Diskussiounen driwwer, datt de Mindestloun misst substanziell erhéicht an och ugepasst ginn, fir der Kafkraaftentwécklung Rechnung ze droen. (...) D'Approche, datt dat integral vun de Steierzueler soll gedroe ginn, dat erstaunt eis,well mer net wësse wou déi Suen iwwerhaapt am Staatsbudget iwwerhaapt nach ze fanne sinn."

An déi nämlecht Richtung denkt den Yves Cruchten vun der LSAP. Et wier richteg, datt de Staat an der aktueller Krise-Situatioun géif mat engem Pak Suen asprangen. Mee: Et misst een awer dofir suergen, datt d’Staatsfinanze generell net aus dem Rudder lafen.

"Woubäi ech mer eigentlech méi Suerge maachen ëm alleguerten déi Suen, déi d'Regierung scho verplangt huet, ouni dass se budgetiséiert sinn. Dat sinn awer elo net hei déi 450 Milliounen am Tripartite-Accord, mee dat sinn emol virun allem d'Steierreform, déi eis wäert eng Milliard, wann net méi kaschten all Joer, plus dann déi gewalteg Depensen, déi mer virgesinn hunn an der Defense ze maachen."

Doriwwer géif dann och sécher nach an de kommende Méint geschwat ginn, esou nach de Sozialist.

déi gréng gesinn eng vun hire Fuerderungen erfëllt

Déi gréng gesinn dat änlech: Et wier gutt wann een optimistesch wier, esou d’Sam Tanson – dat als Uspillung op dem Premier Luc Frieden seng Ausso bei eis op der Antenne: "Mir packen dat heiten". D’Staatsfinanze wieren awer alles anescht wéi gutt, esou d’Sam Tanson.

Déi gréng Deputéiert ass awer och Zitat - E bësse verwonnert gewiescht iwwert d'Präissubventiounen op Diesel, Bensinn a Masutt, déi an dëser Tripartite decidéiert gi sinn. Bis elo hätt d’CSV-DP Regierung d’Positioun vertrueden d’Pëtrolspräisser net artificiell déif halen ze wëllen. Ënnert anerem well dat eng méiglech Penurie beim Pëtrol weider undreiwe géif - an och den Drock op den Tank-Tourismus hei am Land erhéije géif.

Déi Staatlech Subventioune virop beim Sprit wiere kontraproduktiv - am Kader vun der ugestriefter Energietransitioun, mengt d’Sam Tanson. Déi gréng Politikerin gesäit awer och positiv Aspekter an den ugekënnegte Mesuren.

"Dat, wat mer ganz gutt fannen, dat ass, (...), dass elo de Leasing social, also de Fait, dass een, och wann een net deen néidege Revenuen huet, sech en Elektroauto ka leeschten, dass dat elo soll virgezu ginn. Bon, do feelt elo nach d'Timeline, wéi séier dat elo soll goen."

Bei deenen anere Punkten, misst een elo nach genee erausfannen, wéi déi ausgesinn a sollen ëmgesat ginn, esou nach d'Sam Tanson.

ADR begréisst Accord obwuel ee géint Tripartite war

D’ADR géif et begréissen, datt et zu engem Accord komm ass, esou d’Alexandra Schoos. Och wann hir Partei prinzipiell éischter géint d’Aberuffe vun dëser Tripartite war. Et misst een elo ofweien an ofwaarde wat déi ugekënnegt Mesurë genau bedeite mengt d’ADR Parteipresidentin. D'Gewerkschaften hätten deelweis erreecht wat se wollten.

"Mir hunn eng Mindestlounerhéijung bis d'nächst Joer gestaffelt. Mir mussen elo kucke wat dat fir d'Betriber bedeit. Ech mengen den Här Reckinger war der jo och ganz virsiichteg."

Et misst een elo oppassen, wat dat, grad an der Hisiicht op den Index, bedeite géif, esou nach d'Parteipresidentin vun der ADR.