Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  Beatles, Peter Breiner - Concerto Grosso Nr.1 am Stil vum G.F. Händel, V. Penny Lane - Allegro - Peter Breiner and his Chamber Orchestra

play_arrow Live
opus

/ Wat den Nicolas Schmit am Walkampf respektéiere muss

EUROPAWALEN

Wat den Nicolas Schmit am Walkampf respektéiere muss

Een EU-Commissaire dierf aktiv am Walkampf optrieden, an donieft seng “normal” Aarbecht an der Kommissioun viru maachen. Dat soen nei Reegelen, déi d'Europäesch Kommissioun publizéiert huet. Net all d‘Froe ginn awer dora beäntwert.

auto_stories

5 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Archiv

Eng vun den Erausfuerderungen an deem Walkampf wäert et sinn, dofir ze suergen, datt de Klimaschutz weider als europäesche Projet ka presentéiert ginn. Dee sou genannte „Green Deal“ gouf an der Lescht vu riets an mëtt-riets staark attackéiert.

ECFR: Klore Rietsruck ze erwaarden

“Et gëtt elo vill Propaganda géint de Green Deal, et wäert wichteg sinn, e besser ze erklären an ze weisen, wéi déi Mesuren an der Zukunft ëmgesat solle ginn.”

Sou gëscht de Nicolas Schmit, EU-Commissaire fir d‘Aarbecht a Soziales um Bord vun enger Pressekonferenz zu engem aneren Theema, wéi hien op déi neiste Previsiounen ugeschwat gouf.

D’Previsioune vum “European Council on Foreign Relations” si déi preziist Prognosen, déi bis elo virleien a si confirméieren, dat, wat och schonn anerer virausgesot hunn - nämlech däitlech Gewënner um rietse Bord vun der politescher Landschaft.

Riets-extrem Parteien: Drëtt-stäerkst Fraktioun am EU-Parlament

Deemno wiisst de politesche Pouvoir um rietse Bord. Der Prognos no géifen déi extrem riets Parteien am meeschte bäi gewannen - ganzer 40 Sëtz - wat si op déi drëtte Plaz vun de politesche Fraktiounen am Parlament hiewe géif.

Déi chrëschtdemokratesch Europäesch Vollekspartei géif zwar déi stäerkste Fraktioun am Parlament bleiwen an d’Sozialisten déi zweet-stäerkst, mat liichte Verloschter. Allerdéngs géif des grouss Koalitioun, déi jo scho bei de Walen 2019 d’Majoritéit verluer hat, weider méi kleng ginn. Souguer zesumme mat de Liberale léich déi Super-Koalitioun knapps iwwert 50 Prozent. Op där anerer Säit hätt eng Koalitioun vum Mëtt-lénke Bord tëscht Sozialisten, Gréng, déi Lénk an Deeler vun de Liberale keng Majoritéit méi.

Dat hätt natierlech gréisser Auswierkungen op d’Resultater vun de Votten am Parlament, wéi de Klimaschutz, sou den ECR a senger Konklusioun.

Nicolas Schmit schonn am Walkampfmodus

“De Green Deal ass d’Admirals-Schëff vun dëser Kommissioun um Wee bei d’Klimaneutralitéit am Joer 2050 ” sot dozou gëscht de Vizepresident vun der Kommissioun, de Valdis Dombrovskis. Et ass ee laangfristege Projet an et ass wichteg, datt déi Aarbecht virugefouert gëtt, de Klimawandel ass eng Realitéit, där mer eis musse stellen.”

Den Nicolas Schmit, scho ganz am Walkampfmodus, kommentéiert d‘Analys vum ECFR esou:

“Ëmfroen sin Ëmfroen a mir si an enger Campagne fir d’Resultater vun den Ëmfroen ze veränneren, wa se da richteg waren”.

Juncker-Reegele fir Commissaire am Walkampf liicht ugepasst

De Lëtzebuerger LSAP Politiker soll bekanntlech un der Spëtzt vun der Partei vun den Europäesche Sozialisten an dëse Wale stoen. Hie muss ech do verschiddene Reegelen ënnerwerfen, déi gëscht nach eng Kéier preziséiert goufen.

De Jean-Claude Juncker hat 2018 als Kommissiounspresident déi respektiv Richtlinne verännert an an engem neie code de conduite dofir gesuergt, datt et ausdrécklech erlaabt ass fir Membere vun der Kommissioun, aktiv am Walkampf fir d’Europawalen deelzehuelen. Dat war virdrun esou net méiglech an och elo nach gëllt dat net fir Nationalwalen: Ween do Kandidat ass, muss wärend der Campagne eng Paus bei sengen Aktivitéiten als EU-Commissaire maachen.

EU-Commissaire am Walkampf dierf weider seng Aarbecht maachen

Fir d’Europawale muss een dat net, et geet net duer, d’Presidentin vun der Kommissioun ze informéieren, datt ee selwer op enger Lëscht a sengem Land ass, oder datt ee als Spëtzekandidat vun enger europäescher Partei designéiert gouf.

Dono gëlle verschidde Konditiounen - zum Beispill déi, datt d’Aktivitéiten als Member vun der Kommissioun kloer vun deenen am Walkampf missten ënnerscheet ginn, sou e Mëttwoch de Nicolas Schmit.

„D’Reegelen si ganz streng, jidderee muss sech froen, wéini hien oder si eng Roll als Kandidat spillt a wéini een seng normal Aarbecht als Commissaire mécht. Mir mussen hei all Konfusioun evitéieren, andeems mer dat applizéieren, wat an de Reegele steet.“

Kandidate bei de Walen dierfen am Walkampf net op d’Personal vun der Kommissioun zeréckgräifen, oder sech Reesen an deem Zesummenhank rembourséiere loossen.

Wie kontrolléiert wien?

Si musse fir d’Campagne och ee separaten Optrëtt op de soziale Medien ariichten a bei ëffentleche Riede musse si kloer maachen, ob se déi als Commissaire oder als Politiker am Walkampf maachen.

D’Responsabilitéit läit also beim Kandidat selwer. Bei Zweiwelen iwwert Interessenskonflikter sollt ee sech un de President adresséieren, heescht et an de Guidelines.

Wat awer, wann d’Presidentin selwer, Deel vum Walkampf ass? D’Ursula von der Leyen, déi aktuell Cheffin vun der Kommissioun, huet hir Intentioun dat ze maachen, zwar nach ëmmer net ëffentlech matgedeelt, ma et ass dovun auszegoen, datt Ufank Mäerz als Spëtzekandidatin vun der Europäescher Vollekspartei nominéiert gëtt.

En vue dovu gouf elo ee Saz bei déi viregt Reegelen dobäi gesat: Sollt de President um Walkampf deelhuelen, sollt hien de Collège vun den EU-Commissairen doriwwer informéieren. Wat awer geschitt, wann et Froen oder Zweiwelen iwwert d’Anhale vun de Reegele gëtt, ass net preziséiert. D’Reegele kéinten also nach fir Diskussioune suergen.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Europa
Politik
Politik a Gesellschaft