Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  Georg Philipp Telemann - Sonat fir Trio a Fa Majeur, I. Vivace - Tabea Debus (Blockflütt), Lea Rahel Bader (Viola da Gamba), Johannes Lang (Cembalo)

play_arrow Live
opus

/ EU-Sockel vu soziale Rechter: EU-Institutioune stinn ze vill op der Brems, soen d'Gewerkschaften

Konferenz an der Chambre des Salariés

EU-Sockel vu soziale Rechter: EU-Institutioune stinn ze vill op der Brems, soen d'Gewerkschaften

Den europäesche Sockel vun de soziale Rechter huet Fortschrëtter bruecht, mee et stelle sech och nach sou munch Erausfuederunge fir déi no Zukunft. Dat war de Bilan, deen d'Riedner an der Chambre des Salariés um Mëttwochowend gezunn hunn.

auto_stories

3 min

Foto: Commission européenne

Den europäesche Sockel vun de soziale Rechter war d’Theema um Mëttwochowend vun enger ëffentlecher Konferenz an der Chambre des Salariés. Riedner war de Ludovic Voet, Secrétaire confédéral vum europäesche Gewerkschaftsbond. 7 Joer nodeems dëse Sockel an d'Liewe geruff ginn ass, huet hien ee gemëschte Bilan gezunn.

Fortschrëtter am Gebitt vun den Aarbechtskonditiounen

Dee Moment wier Europa zur Erkenntnis komm, datt ze vill op d’Wirtschaft gesat an dat Soziaalt vergiess gouf. Bréissel hätt dunn 20 Prinzippien op d’Bee gestallt, déi de soziale Schutz vun de Bierger garantéiere sollten. Dat war een Ufank, mee et konnt nëmme weidergoen, andeems hannendru Gesetzer gestëmmt ginn, sou de Ludovic Voet. Op deem Niveau wier dann och ze kucken, ob d’Resultater zefriddestellend sinn.

“Le bilan qu’on tire de la dernière législature européenne, donc 2019-2024 qui est en train de se finir, c’est que c’est certainement celle qui a mis le plus en avant les questions sociales, des directives sociales, même si c’est encore largement insuffisant.”

Et wieren eng Rëtsch Direktive komm, déi elo misste fir d'Aarbechter ëmgesat ginn. Et wieren awer och nach vill Problemer unzegoen, wéi zum Beispill d'Digitalisatioun. Zu Fortschrëtter wier et virun allem um Gebitt vun den Aarbechtskonditioune komm, mam Zil, fir d’Prekaritéit vun der Beschäftegung ze limitéieren, an d'Aarbechtsconditiounen ze verbesseren.

EU-Institutioune stinn ze dacks op der Brems

D’Erausfuerderunge léiche besonnesch um Niveau vun den Transformatiounen. Hei géif et d’Angscht vun Aarbechter ginn, op der Streck ze bleiwen.

"Face aux investissements dans la digitalisation dans le monde du travail, il faut des cadres protecteurs pour ça, et il faudra montrer aux travailleurs que l’Europe arrive à le faire.”

Fir déi no Zukunft géif et schlecht Signaler ginn, betount de Gewerkschaftler. D’EU-Institutioune géifen op der Brems stoen, wat d’Ambitioune vu sozialen Direktiven ugeet, an et géif Diskussioune gi ronderëm manner Chargë fir d’Entreprisen.

“Si c’est pour dire, les entreprises doivent pouvoir continuer à faire énormément de profits, non! Si c’est pour dire, les entreprises doivent avoir en Europe un espace pour continuer à pouvoir prospérer, tout en décarbonant et en payant des bons salaires, alors oui.”

Et géif deemno Ängschte ginn am Zesummenhank mat den aktuellen Diskussiounen, awer och Chancen, déi ee misst notzen.

Martine Deprez: Europäesche Sockel als Kompass

Ënnert den Nolauschterer war ënner anerem d’Ministesch vun der Sécurité sociale. An den Ae vum Martine Deprez wiere mir ouni dee Sockel net do, wou mir sinn.

"Dee Sockel ass de Kompass an déi Richtung, wou Europa muss goen.”

D’Politik vun der Regierung op dësem Gebitt wier ënner anerem déi, fir d’Aarmut ze reduzéieren.

“Aarmut kann ee reduzéieren iwwer sécher Aarbechtsplazen, iwwer motivéiert Personal, iwwer engagéiert Personal, iwwer e gudden Ausgläich mam Privatliewen.”

Woubäi déi sozial Sécherheet et misst erlaben, fir all Risiken, déi ee leeft, opzehiewen, sou nach déi zoustänneg CSV-Ministesch.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Europa
Politik
Politik a Gesellschaft