Den däitschen Diplomat hat an der Chamber een Austausch mat den Deputéierten. Dem Boris Ruge no, stéing Lëtzebuerg bei der NATO gutt do.
Lëtzebuerg ass dee klengste vun den 32 NATO-Memberstaaten. Och de Grand-Duché wäert an den nächste Jore, wéi gewosst, däitlech méi Sue fir Verdeedegung ausginn.
"Es ist enorm wichtig, dass alle mitziehen. Wir sind eine Allianz von 32, und gerade unsere amerikanischen Bündnispartner schauen darauf, dass alle mitziehen. Und deswegen ist es sehr wichtig, was Luxemburg macht, auch wenn sie einer der kleineren Bündnispartner sind."
Dem Boris Ruge no, stéing Lëtzebuerg gutt do, wat d’Gesamtausgabe fir Verdeedegung ugeet.
"Luxemburg ist auch ein tatkräftiger Unterstützer der Ukraine, das verdient sehr viel Respekt, das ist sehr wichtig. Ich glaube, da kommen sie gut voran, sie stehen gut da bei der NATO."
No Meenung vum Vize-Generalsekretär vun der NATO wieren zwou Invasioune vun der Ukrain duerch Russland néideg gewiescht, an zwou Wale vum Donald Trump als US-President, bis d’Majoritéit vun den Europäer verstanen hätten, datt d’Verdeedegungsausgabe misste klammen, wat elo geschitt.
"Und das wird sich niederschlagen in eine stärkere europäische Position. Und Luxemburg ist natürlich hier ein Paradebeispiel. Sie haben innerhalb weniger Jahre ihre Verteidigungsausgaben verdoppelt oder verdreifacht, und genau das braucht es. Auf der deutschen Seite kann man Ähnliches sagen."
De Boris Ruge wäert an den nächste Méint vun der NATO zu Bréissel op Kiew wiesselen. Hie wäert den neien däitsche Botschafter an der Ukrain ginn. Dat war Enn Abrëll bekannt ginn. Néideg dofir wier nach d’Zoustëmmung vun der ukrainescher Regierung, huet de Boris Ruge eis haut gesot.