Justiz

Mord a Südafrika: No Festnam zu Lëtzebuerg huet e franséische Parquet nei Detailer

Am Zesummenhank mat der Interpellatioun, virun enger Woch, vun zwee Fransousen hei am Land wéinst engem Mordfall a Südafrika gëtt et Neies: De Parquet vu Coutances, am Nordweste vu Frankräich, huet matgedeelt, datt eng vun de Persounen, déi festgeholl gouf, den Ex-Mann vun engem vun den Affer ass. 

auto_stories

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Virun 18 Deeg waren zu Pretoria a Südafrika d’Läiche vun dräi Persoune fonnt ginn, enger Koppel, déi a Begleedung vun der mannerjäreger Duechter vun der Fra war, an där hirer Bom. Et handelt sech heibäi ëm eng franséisch Famill.

D’Enquête hat sech séier op de 44 Joer alen Ex-Mann vun der Fra a Papp vun der Duechter konzentréiert. Dee war, mat der Duechter an engem 71 Joer ale Familljemember, direkt no der Dot ugaangen, awer hei am Land zesumme mat deem anere Mann festgeholl an d’Duechter a Sécherheet bruecht ginn.

Déi zwee Männer solle geschwënn u Frankräich ausgeliwwert ginn.