D'Skerdi Zanaj ass Ekonomiesprofessesch op der uni.lu an Delegéiert fir Égalité des genres. Si ass d’Verfaasserin vun engem Oppene Bréif, deen eegenen Aussoen no déi "richteg Realitéit" op der Universitéit erëmspigele soll. Et ass eng Reaktioun op déi rezent Berichter iwwer eventuelle Mobbing an toxeschem Klima op der uni.lu.
Si wier sech bewosst, datt et méi wéi just eng Realitéit op der Uni géif ginn, preziséiert d’Skeri Zanaj am 100,7-Interview. Et wier awer hire Wëllen, an och dee vun hiren Aarbechtskolleegen, de Berichter an der Press eppes entgéint ze stellen.
Onsolidaresch Aarbechtskolleegen?
E puer 100 aner Mataarbechter:inne vun der uni.lu hunn de Bréif mat ënnerschriwwen.
Dobäi wier den oppene Bréif net iwwer offiziell Kommunikatiounskanäl vun der Uni zirkuléiert, mee vu Mataarbechter:in zu Mataarbechter:in. Et wier also net ubruecht ze soen, datt "just" e gewëssene Prozentsaz u Leit et mat ënnerschriwwen hunn.
Eng 2.700 Leit schaffen op der uni.lu.
Déi, déi net ënnerschriwwen hunn, wieren dofir och net onsolidaresch, seet d’Ekonomiesprofessesch. Et géingen ëmmer Leit ginn, déi esou Saachen net ënnerschreiwe wéilten, mengt si.
Ambitioune vun der Uni si mat "vill, vill, vill Aarbecht" verbonnen
Zënter bal 20 Joer schafft d’Skeri Zanaj op der Uni. Eng Degradatioun vum Aarbechtsklima hätt si net gesinn.
D’Institutioun wier an där Zäit enorm gewuess, erkläert si. Vun dräi bis véier Persoune pro Departement op iwwer 25 Persounen. D’Zil wier et och ëmmer gewiescht, uechter d’Welt bekannt ze ginn. En Zil, dat mat viller haarder Aarbecht verbonnen ass.
“J’observe qu’il y a beaucoup de travail. Il y a des jours où on a beaucoup de choses à régler. Mais en terme d’atmosphère, d’après mon expérience personnelle, on reste toujours très collégial."
Si wéilt awer net anere Leit hir Erfarungen, déi deem eventuell net entsprieche géingen, erofspillen.
Kee Versteesdemech fir Envergure vun den Diskussiounen
D’Skerdi Zanaj war “schockéiert” vun den Artikelen, déi an der Press zirkuléiert sinn, an deene vu Mobbing, toxeschem Klima, a Gouvernanceproblemer rieds waren a versteet net, wéi dat esou héch Welle schloe konnt.
“C’est presque rigolant: Si 10 personnes anonymes parlent de ça, cela devient massif. Si une centaine de gens parlent, on parle des pourcentages"
Si weist sech och enttäuscht doriwwer, datt déi respektiv Temoignagen anonym gemaach gi sinn, angeblech aus Angscht virun de Konsequenzen. Mee grad eng Uni wier eng Plaz fir ze diskutéieren a Léisungen ze fannen, mengt dozou d’Skerdi Zanaj.
Nach am Oktober 2025 wier d’Uni als de beschten Employeur hei am Land ausgezeechent ginn, betount d’Professesch.
Audite just wéinst "journalisteschem Drock"?
Elo wäerten zwee Auditen organiséiert ginn. Een externe vun der Uni, dee sech mat der Ressource-humaine-Problematik beschäftegt, an ee vum Ministère, dee sech mat der Gouvernance an de Gesetzer befaasst.
Auditen op Grond vu “journalisteschem Drock” ze organiséieren, dovun hält d’Ekonomiesprofessesch näischt.
De rezente Quality of work Index vun der Chambre des salariés huet erginn, datt 53,4 Prozent vun de Salariéen zu Lëtzebuerg op eng psychesch Aart a Weis ënner hirer Aarbecht leiden. En historesch schlechte Wäert. Ginn elo dofir an all deenen Entreprisen Auditen organiséiert, freet d’Skerdi Zanaj. Natierlech net. Dat wier e globalen, gesellschaftleche Problem, deen et ze verstoe gëllt.
Iwwerdeems géing d’Reputatioun vun der Uni op internationalem Niveau och Schued droen. Net ze lescht well och si selwer de Bréif op LinkedIn gedeelt huet. Eng Plattform, op där si mat ville Leit ronderëm d’Welt vernetzt ass, an déi elo all matkritt hunn, wat zu Lëtzebuerg leeft.