Educatioun

EIDE-Direkter Gérard Zens: "Eise Bac erfuerdert zolidd Kompetenzen"

Déi méisproocheg ëffentlech École Internationale de Differdange et d'Esch-sur-Alzette (EIDE) kritt 10 Joer. Kritik, datt et fir hir Schüler:inne méi einfach ass de Bac ze packen, weist den Direkter Gérard Zens of.

auto_stories

4 min

Gérard Zens | © Jo Diseviscourt
Gérard Zens (Foto: Jo Diseviscourt)

2016 waren 142 Schüler:innen an der EIDE ageschriwwen. Dobäi koume 24 Enseignanten. Haut, 10 Joer méi spéit, ass ee bei 2.500 Schüler:innen an 260 Enseignanten, wéi den Direkter Gérard Zens am 100,7-Interview verréit.

Accès méi schwéier fir Quereinsteiger

Well d’Demande esou héich ass, misst een awer och verschidde Schüler:inne refuséieren. Dat éischt Joer Maternelle, éischt Joer Primaire an éischt Joer Secondaire wieren d’Haaptentréesdieren. Schüler:innen - oder Quereinsteiger, wéi de Gérard Zens se nennt - déi ausserhalb vun deene Momenter an d’Schoul komme wëllen, hunn et méi schwiereg.

“Duerno gëtt et méi schwiereg fir weider Schüler opzehuelen, well d’Klasse voll sinn.”

Zu de Quereinsteiger gehéiere Schüler:innen, déi am traditionelle System net esou gutt virukommen, a vill Demandë vu Kanner, déi nei an d’Land kommen.

Francophon Sektioun bleift am beléiftsten

D’Markenzeeche vun der EIDE ass d’Méisproochegkeet. D’Schoul setzt d’Programmer vun den Europaschoulen ëm. E System, deen et schonn zënter 70 Joer gëtt, deen awer laang Zäit fir Kanner vun Europabeamten oder Elteren, déi bezuele wollten, reservéiert war, wéi de Gérard Zens erkläert.

Dunn hunn international Schoulen opgemaach fir déi "ganz normal Bierger a Kanner".

Stäerkt vu senger Schoul wier et, datt si net villes aneschters maache wéi traditionell Schoulen, mee verschidde Sproochesektiounen ubidden. Däitsch, Franséisch, Englesch, Portugisesch, Italieenesch a Spuenesch ginn als Mammesproochen ugebueden.

Dat bedeit awer net, datt Niewefächer onbedéngt op deene Sprooche gehale ginn.

Déi gréissten Nofro herrscht aktuell an der frankophoner Sektioun, mee och fir déi anglophon Sektioun wier d’Nofro am Laf vun de Joren ëmmer méi gewuess.

Et gëtt fréi gesënnert

De Gérard Zens betount och, datt een effektiv nomoosse kéint, datt d’Schüler:inne besser léieren, wa si Niewefächer an enger Sprooch léiere kënnen, déi hinne méi no ass.

“An den Epreuve-standardiséeë kann een dat fréi moossen.”

Opfälleg ass, datt et an der EIDE e groussen Taux de réussite gëtt vun 98 Prozent. Am reguläre Lycée läit dee just bei ronn 75 Prozent. D’EIDE wier keng "Zauberschoul", seet de Gérard Zens. Net all Schüler:in géing reusséieren.

“Eng Rei vu Schüler ginn ënnerwee reorientéiert, well si déi akademesch Kompetenzen net matbrénge fir den Ofschloss ze maachen.”

Konkreet wiere 4e an 3e schwéier Klassen. Dofir géing een awer wëssen, datt een, deen et op 2e packt, och de Bac packe géing. Et gëtt also scho méi fréi gesënnert.

Bac erfuerdert "zolidd Kompetenzen"

D’Proffegewerkschaft FEDUSE vun der CGFP huet awer rezent Kritik um System geäussert. Dat am Kader vun der geplangter internationaler Schoul zu Schëffleng.

Et wier vill ze einfach an europäeschen internationale Schoulen am ëffentleche System de Bac ze packen. Et géing quasi eng "automatesch Promotioun" gemaach a verstoppt ginn, datt d’Schüler:inne Lacunnen hätten.

Deem widdersprécht den EIDE-Direkter. Schüler:innen, déi de Bac a sengem Lycée kréichen, missten "zolidd virbereet sinn an zolidd Kompetenze" matbréngen. Dat géing een och doru gesinn, datt déi Schüler:inne duerno op Héichschoulen an Unie reusséieren.

Ausserdeem wier de System vun europäesche Schoulen op Krittäre vun Experten aus 27 Länner baséiert. Wéinst der Méisproochegkeet wier de System drop getrimmt, d’Schüler:inne richteg virzebereeden.

Projet Alpha soll Brécke bauen

De Projet Alpha - also de Choix, d’Alphabetisatioun op Däitsch oder Franséisch ze maachen - ass och vun den internationale Schoule beaflosst ginn. D’Zil vum Projet misst et si Brécken ze bauen, mengt de Gérard Zens.

Hien erënnert och drun, datt d’Kanner trotz ënnerschiddleche Sprooche vill Zäit matenee verbréngen. Friemsproochen notzen, wäert also méi natierlech ginn, mengt de Gérard Zens.