Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Friedrich der Große - Sonat fir Flütt a Mi Mineur, SpiF 154, II. Allegro assai - Sophia Aretz (Flütt), Alexander van Heißen (Cembalo)

play_arrow Live
opus

/ Tscheschesch Mythen a Landschaften

Concert

Tscheschesch Mythen a Landschaften

Den Orchestra della Svizzera italiana, kuerz OSI, spillt dëse Concert ënner der Baguette vum polneschen Dirigent Krzysztof Urbański. Mat dobäi ass den Cellist Nicolas Altstaedt: deen interpretéiert dem Bohuslav Martinů säin 1. Concerto fir Cello.

auto_stories

1 min

headphones

121 min

© © Orchestra della Svizzera italiana play_arrow
(Foto: © Orchestra della Svizzera italiana)

Um Programm stinn och Extraiten aus dem Bedrich Smetana sengem Vaterland: eng sinfonesch Dichtung déi iech op eng Entdeckungsrees duerch déi tscheschesch Mythen a Landschaften mathëllt.

Dëst ass e Matschnëtt vum Concert vum 26. September 2024, deen d’Radiotelevisione Svizzera, kuerz RSI, an der Sala Teatro zu Lugano opgeholl huet. An dee Concert kënnt Dir bis de 6. Juni hei nolauschteren. 

Programm

  • Witold Lutosławski (1913–1994): Mała Suita fir Orchester

  • Bohuslav Martinů (1890–1959): Concert fir Cello Nr. 1, H. 196

  • Jean Sibelius (1865–1957): Vesipisaroita (Waassertrëppelen) fir Gei an Cello
    Mam Robert Kowalski, Gei (Konzertmeeschter OSI)

Bedřich Smetana (1824–1884): aus Má Vlast

  • Vyšehrad
  • Vltava (die Moldau)

  • Šárka

Interpreten

Orchestra della Svizzera italiana

Krzysztof Urbański, Direktioun

Nicolas Altstaedt, Cello

Robert Kowalski, Konzertmeeschter

Lauschterenplay_arrow