Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Johannes Brahms - Scherzo an Do Mineur aus der "F. A. E-Sonat", WoO 2 - Catherine Manoukian (Gei), Gunilla Süssmann (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Dem Zäitgeescht viraus

Kammermusik vu Schubert a Beethoven

Dem Zäitgeescht viraus

Mat hire Wierker fir Sträichensembel waren de Schubert an de Beethoven hirer Zäit viraus – bei deem enge gewollt, bei deem anere manner.

auto_stories

1 min

headphones

123 min

Chiaroscuro Quartet | © Eva Vermandel play_arrow
Chiaroscuro Quartet (Foto: Eva Vermandel)

Et ass net esou einfach, de Moment vum groussen Duerchbroch am Liewe vun engem Komponist ze definéieren - ass et déi éischt ëffentlech Unerkennung, de grousse finanziellen Erfolleg oder awer dat revolutionäerste Wierk?

Beim Franz Schubert war et eréischt no sengem Doud am Joer 1828, datt seng Wierker lues a lues bekannt an uropgefouert gi sinn. E bëssen anescht war et beim Beethoven, deen sech duerchaus bewosst war, datt hie wäit iwwert de musikaleschen Zäitgeescht eraus komponéiert. De Chiaroscuro Quartett huet dës Kammermusekswierker vu béide Komponiste bei engem Concert de 5. Mee 2024 am Musekssall zu La Chaux-de-Fonds an der Schwäiz presentéiert.

Huelt Plaz am 100,7 Concertssall a lauschtert dëse Concert, moderéiert vum Tanja Duprez, nach bis den 3. Juni 2025 an eiser Mediathéik.

Programm: 

Ludwig van Beethoven (1770-1827): Sträichquartett Nr. 8 a Mi Mineur, op. 59/2 (“Rasumowksi”) 

Franz Schubert (1797-1828): Sträichquintett an Do Majeur, D 956

Interpreten: 

Chiaroscuro Quartet

  • Alina Ibragimova, Gei
  • Benjamin Marquise Gilmore, Gei
  • Emilie Hörnlund, Braatsch
  • Claire Thirion, Cello

Christian Poltéra, Cello

Lauschterenplay_arrow