"Esou no war e Fridden nach ni". Dat sinn d’Wierder vum Pakistanesche Premier Shehbaz Sharif iwwert e méiglechen Accord tëschent den USA an dem Iran fir de Krich op en Enn ze bréngen. Eng ganz fragil Wafferou gëtt et schonn zënter dem 7. Abrëll mee dës Woch koum et nees zu amerikaneschen Ugrëff op den Iran.
Imminenten Accord gouf schon dacks annoncéiert
Et ass net déi éischter Kéier, datt den US-President Donald Trump en imminenten Accord mam Iran annoncéiert. Scho Méint laang dreet hien och mat weideren Ugrëff op den Iran fir se dann nees ofzesoen.
Dës Kéier stinn d’Zeechen awer besser wéi a rezenter Vergaangenheet. Teheran weist sech optimistesch an de Mediateur Pakistan och. Islamabad schwätzt dovun, datt den Iran an d’USA sech op en Text gëeenegt hunn, elo mussen nach Detailer an eng Plaz fir den Accord ze ënnerschreiwen negociéiert ginn.
Huet net no Friddensaccord ausgesinn
Mee och e méi grousse Krich hätt kënnen d'lescht Woch nei gestart ginn, wéinst Gefechter tëschent den USA an Israel op där enger Säit an dem Iran op där anerer Säit. Eng Wafferou gesäit anescht aus, mee offiziell hält déi nach.
Den 28. Februar hunn d’USA an Israel de Krich ugefaang. Den Iran huet mat Ugrëff op amerikanesch Militär-Installatiounen am persesche Golf, mee och mat massive Rakéiten- an Dronenattacken op Israel an op d’Golf-Länner reagéiert. Méi iwwerraschend war dat bal komplett Zoumaache vun der d’Strooss vun Hormus duerch den Iran an esou och e bal komplette Stopp vu Pëtrol- a Gasexporter aus dem Persesche Golf.
USA wëllen aus dem Krich - Awer ouni Blamage
Vun amerikanescher Säit sicht ee scho Méint laang en Auswee aus dësem an den USA onbeléifte Krich ouni sech ze blaméieren. En Accord wäert weisen op Washington an d’Trump-Regierung op d'mannst eng kleng Victoire feiere kënnen. D'Opmaache vun der Mieresenkt wär awer net genuch. D’USA soen si hätte grouss Deeler vum iranesche Militär komplett zerstéiert. Teheran seet, datt si dat alles nees séier opbaue kennen.
An den iraneschen Atom-Programm an esou engem potentiellen Accord? Dee géif spéider negociéiert ginn, esou de virleefegen Text. Ënnerschrëfte kéinte schonn de Sonndeg oder Ufank nächster Woch den Accord offiziell maachen.
Text vun eisem Korrespondent Philip Crowther