Krich am Noen Osten

Trump: Paus bei Initiativ fir Schëffer duerch d'Strooss vun Hormus fueren ze loossen

D'USA maachen eng Paus fir Schëffer duerch dee blockéierte Mierespassage vun Hormus ze féieren.

auto_stories

1 min

Donald Trump | © picture alliance / NurPhoto | Andrew Leyden
Donald Trump (Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrew Leyden)

De Grond fir d‘Paus wiere Fortschrëtter bei de Verhandlunge mam Iran, sot den US-President Donald Trump. Déi iranesch Staatsmedien hunn dat eng Victoire genannt.

D‘Paus géif weisen, datt déi sougenannten Operation Freedom vun den USA am Hormus-Passage gescheitert wier, heescht et zu Teheran.

US-President hofft op Accord mam Iran

Den Donald Trump huet betount: D‘Paus sollt Zäit loosse fir e méiglechen Accord mam Iran ofzeschléissen. Déi amerikanesch Blockad vu Schëffer, déi iranesch Häfen ufueren oder verloossen, géif awer bestoe bleiwen.