USA

No mësslongener Hiriichtung: UNO appeléiert fir kee weidere Versuch ze maachen

Zwou Injektioune mat Gëft krut déi 50 Joer al Fra gesprëtzt. Si huet béid iwwerlieft an ass elo an der Klinik. Si sollt déi éischt Fra zënter iwwer 200 Joer sinn, déi am US-Bundesstaat Tennessee higeriicht sollt ginn.

auto_stories

1 min

Symbolbild Prisong | © picture alliance / Picvario Media | Ilya Moskovets
Symbolbild Prisong (Foto: picture alliance / Picvario Media | Ilya Moskovets)

Géint 20:26 Auer ware béid Piqûrë gesat. D'Fra hätt awer weider geschlof a geschnaarcht. De Staat huet d'Fra net fir dout erkläert. Si krut medezinnesch Noutfallversuergung an ass an d'Klinik bruecht ginn. 

Hiriichtungen an Tennessee suspendéiert

Am US-amerikanesche Bundestaat Tennessee si wéinst dem Virfall bis op Weideres all HIriichtunge suspendéiert. Dat gouf et bis ewell nach ni an den USA. 

An den A vum UNO-Mënscherechts-Kommissär Volker Türk géif dëse Fall virun A féieren firwat d'Doudesstrof misst ofgeschaf ginn. 

Mord ass 30 Joer hir

Kuerz virun der Exekutioun nach hat ee Geriicht d'Hiriichtung gestoppt, ier de Supreme Court, dat iewescht Geriicht an den USA, dee Stopp awer nees ausser Kraaft gesat huet. 

D'Christa Pike gouf 1996 wéinst dem Mord un enger deemools 19 Joer aler Fra selwer zum Doud verurteelt. Si hat deemools 18 Joer. 1995 soll si zesumme mat zwee Männer d'Affer an een ofgeleeënt Gebitt bruecht, gefoltert a mam Messer ëmbruecht hunn.

Ee vun den zwee Männer hat deemools 17 Joer a gouf zu enger Prisongsstrof verurteelt. Deen anere gouf op Bewärung fräigelooss.