D'Protester ginn zréck op d‘Erschéissung vun enger 37 Joer aler Fra zu Minneapolis ufanks Januar, déi fir vill Opreegung gesuergt huet, well Filmopnamen d‘Faiten dokumentéieren.
Och a Kalifornien an zu New York hu Leit aus Solidaritéit mat der erschossener Fra géint ICE protestéiert.
D‘Regierung vum Donald Trump verteidegt d‘Actiounen vun ICE. D‘Manifestante wiere radikaler, déi just wéilten stéieren, sot zum Beispill den amerikanesche Vizepresident JD Vance.