D'Situatioun huet sech och elo am Hierscht net verbessert. Am Géigendeel, seet de Raphaël Wisselmann, Chef-Ingenieur vun der Rhäin-Kommissioun.
Rekorder vum August op en Neits gebrach
Am August hätt ee sëllege Rekorder opgestallt. An déi wieren dëse Weekend elo nach eemol gebrach ginn.
"C'est-à-dire que le niveau du Rhin, à certains endroits, est encore plus bas que celui du mois d'août. Et si au mois d'août, certains bateaux pouvaient continuer à naviguer avec des taux de chargement, donc la quantité qu'ils peuvent transporter, très bas, de l'ordre de 20 à 25 %. Maintenant, le taux de chargement est passé autour de 10 %."
Verschidde Wuere géifen elo just nach iwwer de Stroossewee transportéiert ginn. Mee fir ee Schëff ze ersetzen, bréicht et 250 Camionen. Aner Wuere wéi beispillsweis Pëtrol oder chemesch Produiten, kéinten iwwerdeems guer net iwwer Landwee transportéiert ginn, gëtt de Raphaël Wisselmann ze bedenken.
"S'il n'y a pas d'alternative, il n'y a que deux solutions. Soit repousser le transport à plus tard, et utilisez des stocks. Ou alors transporter une petite quantité. Cette petite quantité, elle renchérit énormément le prix de la tonne transportée."
De Präis fir eng transportéiert Tonn kéint sech vervéierfachen, seet de Raphaël Wisselmann.
Extra Schëffer si manner performativ
Datt esou niddreg Waasserstänn an Zukunft méi dacks virkommen, do si sech d'Experten eens. Fir d'Schëffsfaart bedeit dat Upassungen.
"Ça veut dire que le bateau, il est plus large. Quand il est plus large, il s'enfonce moins, donc il a besoin de moins de hauteur d'eau."
D'Schëff bréicht da manner Plaz am Waasser. An Zäiten, wou d'Waasserstänn awer nees op engem normalen Niveau sinn, wieren déi Schëffer awer manner performativ, erkläert de Chef-Ingenieur. Ënner anerem bréichte se méi Sprit.
Weider Erklärunge vum Raphaël Wisselmann kënnt Dir hei lauschteren